Gemeng Rollengergronn

D'Gemeng Rollengergronn ass eng fréier Gemeng déi haut als Sektioun zur Stad Lëtzebuerg gehéiert. Den Territoire bilt och de gréissten Deel vum haitege Quartier Rollengergronn/Belair-Nord.
An der Zäit vun der éischter franséischer Republik ass de Rollengergronn bei der Opdeelung vum Departement Forêts – zesumme mat de Siwebueren – vun der Festung ewechgeholl a bei d'Gemeng Eech geprafft ginn.
Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849[1]) ass d'Gemeng Eech gedeelt ginn an déi separat Gemeng Rollengergronn ass entstanen. Si ass ervirgaangen aus de Sektioune Rollengergronn, Roudebierg, Lampertsbierg, Siwebueren (mat der Parzeläinsfabréck), engem Deel vun der Sektioun Millebaach an deem Deel vun der Sektioun Reckendall deen zur Gemeng Eech gehéiert huet. D'Gemeng hat eng Fläch vu 773,5607 ha.
D'Gemeng Rollengergronn huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920[2]), zesumme mat de Gemengen Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- J.-B.-A. Michel
- J.-H. Michel
- M. Engels
- A. Wagner
- Fr. Klein
- Maurice Pescatore
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Fernand Théato, 2006, Ideal Wunnqualitéit am Rollengergronn? an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 92-95
- ons stad 26/1987 mat enger Rei Artikelen iwwer de Rollengergronn
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 8 mai 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-30.
- ↑ Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-30.