Gemeng Rouspert-Mompech

Vu Wikipedia
Gemeng Rouspert-Mompech
d'Gemengenhaus zu Rouspert
An anere Sproochen fr: Rosport-Mompach
de: Rosport-Mompach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Chef-lieu Rouspert
Buergermeeschter Stéphanie Weydert
Awunner 3.704
  1. Januar 2023
Fläch 5.707 ha
Koordinaten 49° 48’ 21’’ N
      06° 30’ 13’’ O
LAU-Code LU1006
Websäit https://rosportmompach.lu

D'Gemeng Rouspert-Mompech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rouspert.

D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Rouspert a Mompech entstanen.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng [1][änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Rouspert:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Mompech:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Rouspert:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Mompech:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Abrëll 2016 haten d'Bierger aus de Gemenge Rouspert a Mompech an engem Gemengereferendum mat grousser Majoritéit fir eng Fusioun vun hire Gemenge gestëmmt (80,07 Prozent zu Rouspert, 65,18 Prozent zu Mompech).

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 2017 gouf de gemeinsame Gemengerot nach nom Majorzsystem separat an den zwou Fusionsgemenge gewielt. Déi Kéier drop, den 11. Juni 2023, ginn dann 11 Gemengeréit nom Proporzsystem gewielt, well duerch d'Fusioun d'Limitt vun 3.000 Awunner iwwerschratt gouf[2].

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 2017 - 2022: Romain Osweiler
  • zanter Sept. 2022: Stéphanie Weydert[3]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech huet kee Wopen; se benotzt e Logo, deen op de Wope vun de fréiere Gemenge Rouspert a Mompech opgebaut ass.


Logo vun der
Gemeng Rouspert-Mompech
De Logo ass op de Wope vun de fréierer Gemenge Rouspert a Mompech opgebaut, déi allebéid e Kräiz an hirem Wopen haten. Dëst Symbol gouf isoléiert an duplizéiert fir esou e Logo ze schafen, deen Traditioun an Dynamik matenee verbënnt. E kann als Millerad interpretéiert ginn, wat eng Referenz op d'Theme Beweegung, Virukommen an am bildleche Sënn Energie duerstellt. Et ass et och e staarkt Symbol vu Verknëppung an Zesummenhalt. Déi oppen, wäiss Plaze sti fir Transparenz a vermëttele Frëscht a Liichtegkeet.

Déi giel-rout Téin hunn e frëndlechen an energiegeluedenen Effekt a sinn och eng Uspillung op de Sandsteen an der Regioun. Déi turquoise Faarf - eng Kombinatioun vu blo a gréng - symboliséiert d'Natur an déi héich Liewensqualitéit an der Gemeng[4].

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Rouspert ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Rousperter[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosport-Mompach – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016
  3. "Stéphanie Weydert als Bürgermeisterin vereidigt." wort.lu, 09.09.2022.
  4. (de)Rosport-Mompachs Markenzeichen, S. 4. rosportmompach.lu/ (06.2018). Gekuckt de(n) 18.06.2023.