Op den Inhalt sprangen

Gemeng Sëll

Vu Wikipedia
Gemeng Sëll
d'Märei vu Sëll
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Saeul
de: Saeul
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réiden
Gemeng Kanton Réiden
Chef-lieu Sëll
Buergermeeschter Gérard Zoller
Awunner 1.081
  1. Januar 2026
Fläch 1.486 ha
Héicht 294 m
Koordinaten 49° 44’ 00’’ N
      05° 59’ 00’’ O
LAU-Code LU0707
Websäit http://www.saeul.lu/
D'Gemeng Sëll (orange) am Kanton Réiden (rout)

D'Gemeng Sëll ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Sëll vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 1.081 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Useldeng Wandrous
Biekerech N Helperknapp
W    Sëll    O
S
Habscht

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Sëll ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. goufen den 8. August 1822 d'Gemenge Sëll a Kaalmes per Dekreet fusionéiert. Sëll ass deemno déi eelst Fusiounsgemeng am Land[3].

Beschreiwung am Originaltext:

écartelé en sautoir, aux I et IV d'argent à deux fasces de gueules, au II de gueules à la croix ancrée d'argent, au III de gueules à la croix ancrée d'or
D.C. 24. Abrëll 1985 - A.M. 5. Juni 1985 - Mémorial B 1985, Säit 862 - Projet: 1985 Jean-Claude Loutsch

Sëll ass déi Gemeng am Land mat de mannsten Awunner (Stand 01.01.2026). D'Propositioun, mat den deemolegen Nopeschgemengen Tënten a Béiwen eng Fusioun zu der spéiderer Gemeng Helperknapp ze sichen, gouf 2011 an engem consultative Referendum mat 51 % vun de Stëmme verworf.[4]

Enn August 2024 ass d'Awunnerzuel fir d'éischt op Dausend komm; Sëll war bis dohin déi lescht Gemeng am Land mat enger dräistelleger Awunnerzuel.[5]

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer40050060070080090010001100180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun der Gemeng Sëll gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
En Deel vun der Kierch vu Sëll
Sprangbuer bei der Kierch zu Sëll
Parkanlag op Hëlzent laanscht d'Strooss op Räichel

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Sëll ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Scheitler, J. (Koordinatioun), 2009. Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch. 160 S.
 Commons: Gemeng Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  3. "Zu Gast in Luxemburg kleinster Gemeinde: Bescheiden, aber glücklich." wort.lu, 21.11.2015.
  4. "Territorialreform: Luxemburg neu denken." wort.lu, 12.05.2018.
  5. "Als lescht Gemeng am Grand-Duché: Sëll huet elo 1.000 Awunner." rtl.lu, 27.11.2024.
  6. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  7. "Assermentation d'un bourgmestre et d'un échevin." Communiqué op gouvernement.lu, 07.03.2019.
  8. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de 04.07.2023.