Gemeng Simmer
| Gemeng Simmer | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Septfontaines de: Simmern |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Capellen |
| Gemeng | Habscht |
| Chef-lieu | Simmer |
| Awunner | 812 |
| 1. Januar 2017 | |
| Fläch | 1.496 ha |
| Héicht | 267 m |
| Koordinaten |
49° 42’ 01’’ N 05° 57’ 57’’ O |
| LAU-Code | LU0109 |
| Websäit | http://www.septfontaines.lu |
|
| |
|
| |
D'Gemeng Simmer war vun 1843 bis Enn 2017 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen, am Äischdall. Den 1. Januar 2018 ass si mat der Gemeng Habscht zu enger vergréisserter Gemeng Habscht fusinéiert.
Uertschaften an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften:
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Simmer ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
1843 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun de fréiere Gemenge Rued a Gräisch vergréissert, mat deene se fusionéiert huet[1].
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[2]:
De gueules à la croix ancrée d'argent chargée en abîme d'une tour crénelée et ouverte de gueules ajourée et maçonnée de sable. |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Fusioun am zweeten Ulaf
[änneren | Quelltext änneren]2010 goufe Pläng fir eng Fusioun mat der Gemeng Käerch vun deenen zwéi betraffene Gemengeréit guttgeheescht. Déi Pläng goufen awer an engem Referendum, de 24. Oktober 2010, vun enger Majoritéit vun de Käercher Wieler net ugeholl (zu Simmer waren 79 % dofir).[3]
2013 hunn d'Buergermeeschtere vu Simmer an Habscht bekannt gemaach, e Gemengereferendum iwwer d'Fusioun vun hiren zwou Gemengen z'organiséieren. Nodeems de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer 59,75 Prozent vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt haten,[4] hu sech den 9. November 2014 och an der Gemeng Habscht bei sou engem Referendum 59,3 % vun de Wieler dofir ausgeschwat.[5] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, op den 1. Januar 2018, zougestëmmt[6][7].[8]
- Habscht...
- a Simmer...
- fusionéieren zu Habscht
Politik
[änneren | Quelltext änneren]
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Simmer war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Aner Associatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Association des Communes et des Syndicats d'Initiative des vallées de l'Eisch, de la Mamer et de l'Attert (assivema.lu)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Polfer: Das gallorömische Brandfeldergrab und der dazugehörige Verbrennungsplatz von Septfontaines-Dëckt, Verkaf op der Simmer Gemeng
- Jacques Dollar: La Simmerschmelz et les Forges d'Ansembourg, Verkaf op der Simmer Gemeng
- Jemp Kunnert: Die Bevölkerungsentwicklung der Gemeinde Simmern von 1821 bis 1999, in: 50ème anniversaire FC Iska Boys Simmern. - Septfontaines: Football Club Iska Boys ; [2005]. - P. 143-145, ill., fig.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Abschied und Neuanfangg - Der letzte Bürgermeister von Simmern, Yves Ewen, blickt zurück und nach vorn op wort.lu de 5. November 2017, gekuckt de 5. November 2017
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 233 (fr).
- ↑ "Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer." rtl.lu, RTL - 24.10.2010, 08:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2010, 16:26.
- ↑ "Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:26:52.
- ↑ "Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 10:43:15.
- ↑ "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
- ↑ Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Hobscheid et de Septfontaines Mémorial A 69 / 2016, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
- ↑ "Neue "Gemeng Habscht" ab 2018?" wort.lu, Veröffentlicht am 27.09.13 13:12.
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché Mémorial 2926f / 1844, S. 18, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 22 janvier 1849, N° 6, portant nomination de bourgmestres Mémorial 6 / 1849, S. 84, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 04.11.2015.
- ↑ Dem Buergermeeschter Arthur Decker vu Simmer zum Gedenken am Luxemburger Wort vum 8. Juli 2003, S.17

