Gemeng Wäisswampech

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wäisswampech
Detailer
An anere
Sproochen:
fr:Weiswampach
de:Weiswampach
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Kanton: Klierf
Buergermeeschter: Henri Rinnen (DP)
Awunner Gemeng: 1.760
(1.1.2017)
Fläch Gemeng: 3.525 ha
Koordinaten: Gnome-globe.svg50° 08’ 20’’ N
     06° 04’ 30’’ O
D'Gemeng Wäisswampech (orange) am Kanton Klierf (rout)
D'Gemeng Wäisswampech (orange)
am Kanton Klierf (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
Wäisswampech

D'Gemeng Wäisswampech ass eng vun den 105 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf, an ass no der Uertschaft Wäisswampech benannt.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wäisswampech läit an der nërdlecher Spëzt vum Land, am Kanton Klierf a grenzt nieft der belscher Grenz am Norden an Osten un d'Gemengen Ëlwen am Westen, Klierf am Süden an am Süd-Westen. Mat engem Héichtenënnerscheed vu 519 op 450 m läit d'Gemeng deelweis op engem fielsegen Héichplateau, ëmgi vu Mësch- a Bichebëscher a Fiichtemonokulturen tëscht dem Ourdall an enken Däller vun de wellefërmegen Héichflächen. Duerch d'Schafe vun zwéi kënschtleche Séien an der Uertschaft Wäisswampech huet d'Gemeng en touristeschen Opschwonk erlieft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 20. Jorhonnert ass d'Awunnerzuel vum Ufank bis an d'1970er Joren ëm d'Hallschecht erofgaang. Dono goung se nees no uewen, wat ufanks duerch den Tanktourismus an d'Bankfilialen, déi sech op eng belsch Clientèle spezialiséiert haten, zeréckzeféiere war. Tëscht 2006 an 2016 goung d'Bevëlkerungszuel vun 1232 op 1756 erop. Haut ginn et do eng sëlleche Betriber, déi sech an de leschte Joren niddergelooss hunn: Fiducièren, Logistiksentreprisen, Holdingen, Geschäfter, ma och vill Kleng- a Mëttelbetriber am Handwierks- oder Informatiksberäich. Eng 2000 Leit, dorënner vill Frontalieren aus der Belsch, schaffen do.[1]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  •  ? - 1969: ... Rinnen
  • ...
  • 1972 - 1984: Mathias (Mett) Schon
  • ...
  • 1995 - haut: Henri Rinnen (DP)

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wäisswampech ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Si ass net Member vum Klimapakt (déi eenzeg am Land) an och net, als eenzeg am Kanton Klierf, vum Naturpark Our.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Wäisswampech S. 41-60).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäisswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernard Thomas: "World Wide Weisswampach." d'Lëtzebuerger Land Nr.9, 3. Mäerz 2017, S.9.