Gemeng Walfer

Vu Wikipedia
Walfer
Coat of arms walferdange luxbrg.png
Ge Wal4.JPG
d'Gemengenhaus
An anere Sproochen fr: Walferdange
de: Walferdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter François Sauber (CSV)
Awunner 8.730
  1 Januar 2023
Fläch 706 ha
Héicht 228 m
Koordinaten 49° 39’ 46’’ N
      06° 08’ 00’’ O
LAU-Code LU0310
Websäit http://www.walferdange.lu/
Map Walferdange.PNG
D'Gemeng Walfer (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)


D'Gemeng Walfer ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Walfer vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Walfer läit am Uelzechtdall a grenzt am Süden un d'Stad Lëtzebuerg, am Westen un d'Gemeng Koplescht an am Norden an Osten un d'Gemeng Steesel.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Zur Gemeng gehéieren d'Uertschaften

an de Lieu-dit

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Walfer besteet zanter dem 1. Januar 1851[1], virdrun hunn d'Uertschafte vun der Gemeng Walfer zu der Gemeng Steesel gehéiert.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Walfer 1.077 Awunner, 221 bewunnten Haiser an 239 Famillen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Walfer gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

De Schäfferot, deen aus de Gemengewalen 2011 ervirgoung, huet sech op eng DP-LSAP-Koalitioun gestäipt. Zanter deene vun 2017 ass et eng Koalitioun vun CSV an deene Gréngen. Buergermeeschter ass de François Sauber[2].

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 5 5 - 3
2005 4 4 2 3
2011 3 5 2 3
2017 5 4 2 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Wope vun der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Walfer huet an der Sëtzung vum 11. November 1983 iwwer de Wopen ofgestëmmt an en ugeholl. Duerch arrêté ministériel vum 26. Mäerz 1984 gouf de Wopen agreéiert. (Mémorial B vun 1984 Säit 454).

Am Originaltext am Mémorial gëtt de Wopen sou beschriwwen:

« D'or au renard rampant de gueules tenant de ses pattes de devant une flèche du même posée en pal, accompagné de sept billettes aussi de gueules posées en orle aux flancs et en pointe, au chef, d'azur à la porte de trois tours ouverte d'or ».

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Walfer ass zanter 1971 mat follgende Stied a Gemenge jumeléiert:

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Walfer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wey, Claude, 2000. Genèse de la commune de Walferdange. In: 150 Joer Gemeng Walfer: 1851 - 2000. Walferdange: Administration communale, Vol. 2: 6-49.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Loi du 25 novembre 1850 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Walferdange. legilux.public.lu (11.12.1850). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. "Koalitioun CSV-Déi Gréng: De François Sauber gëtt Buergermeeschter zu Walfer." rtl.lu, 30.10.2017, 10:10:58.