Gemeng Welleschten

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gemeng Wellesteen)
Gemeng Welleschten
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Wellenstein
de: Wellenstein
Land Lëtzebuerg
Awunner 1.315
  2008
Fläch 742 ha
Héicht 173 m
Koordinaten 49° 31’ 25’’ N
      6° 20’ 30’’ O
49°31'25"N, 6°20'30"E
Websäit http://www.wellenstein.lu/
Welleschten aus de Wéngerte gesinn.

D'Gemeng Welleschten war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, ier se du mat de Gemenge Biermereng a Schengen zu der Gemeng Schengen fusionéiert huet. D'Gemengenhaus stoung zu Bech-Maacher, hiren Numm hat se vun der Uertschaft Welleschten.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Welleschten war eng typesch Wënzergemeng am Museldall. Um ënneschte flaachen Deel laanscht Musel sinn tëscht de Wéngerten Uebstplantagen, meeschtens mat Äppelbeem. Am Weste vun den Uertschafte vnu der fréierer Gemeng, op den Häng stinn d'Wéngerten, an op de Koppen, op der Grenz mat de Gemengen Duelem, Munneref a Biermereng sti Bëscher.

Déi héchst Plaz an der deemoleger Gemeng ass am Kapebësch, westlech vu Welleschten, um Tracé vun der N16 eng ronn 100 Meter vun der Gemengegrenz Welleschten-Munneref-Biermereng, mat 292 Meter, an déi déifst ass op der Musel mat 140,50 Meter.

Uertschaften an der fréierer Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Fusioun 2012[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou och d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]

Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass "Schengen".[3]

Tourismus a Fräizäit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Schumacher: Chronik der Gemeinde Wellenstein, der Hof und die Meierei Remich, von den Anfängen bis 1815.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Welleschten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Welleschten hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
  3. "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.