Gemengereferendum zu Lëtzebuerg
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gemengereferendum zu Lëtzebuerg ass e consultative Referendum um Niveau vun der Gemeng, deen am Artikel 35 vum Lëtzebuerger Gemengegesetz virgesinn ass. D'Initiativ fir e Referendum z'organiséieren ka vum Gemengerot oder vun de Wieler ausgoen.
De Referendum op Initiativ vum Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]
De Gemengerot kann d'Wieler opruffen, fir sech iwwer de Wee vun engem Referendum zu Gemengefroen ze prononcéieren.
Am Fall vun enger geplangter Gemengefusioun ass e Referendum doriwwer an de betraffene Gemengen obligatoresch. [1]
De Referendum op Initiativ vun de Wieler[änneren | Quelltext änneren]
De Gemengerot muss an engem Zäitraum vun 3 Méint e Referendum organiséiere wann:
- an de Gemenge vun 3500 a manner Awunner ee Véirel vun de Wieler en ufreet,
- an de Gemenge vu méi wéi 3500 Awunner ee Fënneftel vun de Wieler en ufreet.