Geminiano Montanari

Vu Wikipedia
Geminiano Montanari
Pseudonym Ottavio Finetti, Elevatoso
Gebuer 1. Juni 1633
Modena
Gestuerwen 13. Oktober 1687
Padua
Educatioun Universitéit Salzburg,
Universitéit vu Florenz
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser
Prostasi fisicomatematica, 1669

Den Geminiano Montanari, gebuer den 1. Juni 1633 zu Modena, gestuerwen den 13. Oktober 1687 war en italieeneschen Astronom a Lënseschläifer.

De Montanari huet Jurist zu Florenz studéiert a mécht spéider op der Universitéit Salzburg säin Ofschloss. 1662 oder 1663 plënnert hien op Bologna. Do mécht hien eng genee Moundkaart, woubäi hien e selwer gebaut Miessokular gebraucht huet.

Hie mécht och Observatiounen iwwer d'Kapillaritéit an iwwer Problemer vun der Statik an huet ugeholl, datt d'Viskositéit vu Flëssegkeete vun der Gestalt vun hire Moleküllen ofhänkt.

Hie gouf ëm 1667 wéinst enger Observatioun déi hie gemaach hat, bekannt. Hien hat festgestallt, datt sech d'Hellegkeet vum Algol, dem zweethellste Stär am Stärebild Perseus, periodesch verännert. Dee Phenomeen war scho virdru gesi ginn, awer de Montanari war den éischte bekannten Astronom, deen doriwwer Opzeechnunge gemaach huet.

Am Joer 1669 gouf de Montanari Nofollger vum Giovanni Domenico Cassini als Astronomieprofesser um astronomeschen Observatoire vu Panzano an der Géigend vu Modena. Do war eng vu sengen Aarbechten, d'Opstellung vun engem astronomeschen Almanach.

Den 21. Mäerz 1676 huet hien dem Edmond Halley geschriwwen, datt hien ee Koméit observéiert hätt.

1679 ass en op Padua geplënnert well en do eng Léierplaz ugeholl hat. Bal all seng Opzeechnungen aus där Zäit si verluer gaangen. Ee Bréif vu 1682 ass erhale bliwwen, an deem hien iwwer d'Observatioun vum Koméit Halley schreift. Hie schreift och iwwer d'Wirtschaft a mécht Bemierkungen iwwer d'Mënzwiesen an de Wäert vum Geld (1683).

Him zu Éiere gouf e Moundkrater Montanari genannt. D'Koordinate sinn: 45,8° südlech Breet an 20,6° westlech Längt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • De motionibus naturalibus a gravitate pendentibus (1667)
  • Pensieri fisico-matematici (1667)
  • La Livella Diottrica (The Spirit Level) (1674)
  • Trattato mercantile delle monete (1680)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]