Generatioun (Soziologie)

Vu Wikipedia
Zwou verschidde Generatiounen zu Oran, Algerien

D'Generatioun ass ee soziologescht Konzept, dat virun allem an der Demographie benotzt gëtt. Eng Generatioun beschreift eng Grupp aus der Gesellschaft, déi ongeféier gläichaltreg ass an doduerch änlech politesch a gesellschaftlech Phenomeener erlieft huet. An der Biologie, mä och an anere Wëssenschafte gi 25 Joer als Dauer vun enger Generatioun ugesinn, wat dem Duerchschnëttsalter entsprécht, an deem déi mënschlech Reproduktioun ufänkt, an domat eng nei Generatioun vu Leit generéiert gëtt.

An der Soziologie an an der Sozialgeschicht sinn dacks ganz spezifesch Gruppe vu Leit de Sujet vun den Analysen, sou datt e vu spezielle Generatioune schwätzt, wéi zum Beispill Generatioun X oder Generatioun Baby Boom. Déi spezifesch Generatiounen ënnerscheede sech vun deene Generatiounen, déi ëmmer erëm, zu all Zäit entstinn, wéi eeben d'Generatioun vun der Jugend oder vum Drëtten Alter, déi éischter als temporär Identitéit vun engem Mënsch ugesi gëtt.

Spezifesch Generatiounen no 1945[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Zweete Weltkrich kann ee follgend Generatiounen, déi duerch speziell historesch Evenementer markéiert goufen, ënnerscheeden:

Krichsgeneratioun[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg war am Zweete Weltkrich vun Däitschland besat ginn, a war, wéinst sengem Staut vun der Onofhängegkeet, ouni militäresch Verdeedegung.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.

Ënner der däitscher Besatzung huet sech d'Liewe vu ville Leit verännert, sou datt et duerchaus Sënn mécht, vun enger Krichsgeneratioun ze schwätzen. Déi Generatioun ass trotzdeem net sou homogeen, wéi den Numm et seet. Eng éischt Couche vun där Generatioun sinn d'Zwangsrekrutéiert, déi fir Däitschland virun allem op der Ostfront gekämpft hunn. Eng 3510 Jongen hu refuséiert de Militärdéngscht unzetrieden, an hu sech verstoppt. Dat hat dacks negativ Konsequenze fir hir Familljen, déi dowéinst ëmgesidelt goufen. Och deen Ensembel vu Leit stellt eng Ënnerkategorie vun der Krichsgeneratioun duer.

Eng weider Grupp sinn d'aktiv Resistenzler, déi sech wärend der Okkupatioun organiséiert hu fir géint de Besatzer ze kämpfen. Eng vun hiren Aufgabe war och d'Verstoppe vun de Jongen, déi de Militärdéngscht net ugetrueden hunn. Och d'Resistenzler hu sech nom Krich zesummen an der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatioune fonnt, an hu weiderhin eng wichteg Roll an der Politik, Gesellschaft a Kultur gespillt.[1]

Eng lescht Ënnergrupp vun der Krichsgeneratioun sinn déi Leit, déi wärend dem Krich opgewuess sinn, also hir Kandheet oder Jugend am Krich erlieft hunn. An dësem Kontext kéint en och vun enger Verluerener Generatioun schwätzen, well si dacks, wéi en och an Interviewe matkrit, duerch de Krich net konnten an d'Schoul goen, oder do net vill Brauchbares geléiert haten, an doduerch an der Nokrichszäit wéineg berufflech Perspektiven haten. Eng wichteg Charakteristik ass och, datt vill vun hinnen net richteg Franséisch geleiert hunn, an doduerch an hirem spéidere Liewen zum Beispill Problemer mat der Kommunikatioun am Alldag mat Francophonen haten, respektiv hunn.[2]

Baby-Boom Generatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Baby-Boom Generatioun, oder Boomgeneratioun, ass déi Generatioun vu Leit, déi tëschent 1946 an 1964 gebuer sinn, also nom Enn vum 2. Weltkrich. Och zu Lëtzebuerg léisst sech den Trend vum Babyboom erkennen, och wann e méi moderat ass wéi an anere Länner.[3]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Baby-Boomer.

Generatioun Mee 68[änneren | Quelltext änneren]

D'Manifestatioune ronderëm de Mee 1968, déi virun allem a Frankräich, Däitschland an an den USA fir grouss Schlagzeile gesuergt hunn, hu sech och zu Lëtzebuerg manifestéiert, wann och an enger manner radikaler Manéier.[4] Acteure vun dësem Mouvement waren zum enge Jugendlech, déi an den 1950er Jore gebuer waren, an och Jonker, déi zur Baby-Boom Generatioun zielen.

Zu Lëtzebuerg gouf et zwar och Manifestatioune vu Schüler a Studenten, mä déi si manner gewaltsam verlaf. Zu Lëtzebuerg gouf virun allem d'Gesellschaft an hir traditionell Wäerter, wéi zum Beispill den Afloss vun der chrëschtlecher Relioun a Kierch, oder d'Theema Sexualitéit, hannerfrot.[4] E wichtegt Theema war och d'Hannerfroe vum Bildungssystem, deen an den Ae vu villen net méi zäitgeméiss war.[4] Eng wichteg Roll hunn an dëse Méint d'Studentevereenegunge gespillt. Sou hunn d'ASSOSS, eng lénks ausgeriicht Studentevereenegung, an d'ALUC, déi éischter riets Tendenze vertratt huet, turbulent Zäiten erlieft, déi souguer d'Enn vun der ASSOSS no 50järegem Bestoe bedeit hunn.[5]

Generatioun X[änneren | Quelltext änneren]

Als Generatioun X gëtt déi Generatioun vu Leit kategoriséiert, déi an den 1960er an 1970er Joren op d'Welt komm sinn, also direkt no der Baby-Boom-Generatioun. De Begrëff gëtt op den amerikanesche Kënschtler Douglas Coupland zeréck, deen a sengem Roman Generation X dës Generatioun kategoriséiert huet.[6]  

Wéi a villen anere westleche Länner sinn och déi tëschent 1960 an 1980 gebuere Leit zu Lëtzebuerg déi éischt, déi keng direkt Verbindung méi mam Krich haten, weeder duerch hir Elteren (Krichserfarung) oder duerch ekonomesch oder politesch Onstabilitéit. D'Generatioun X gëtt och dacks mam Kale Krich a Verbindung gesat, deen och zu Lëtzebuerg, duerch seng Plaz am westleche Block, Repercussiounen hat. Dacks gëtt och vun der 89'er Generatioun geschwat, als direkte Kontrast zur 68er Generatioun.[7]

Generatioun Y[änneren | Quelltext änneren]

Als Generatioun Y gëtt déi Generatioun vu Leit kategoriséiert, déi an den 1980er an 1990er Joren op d'Welt komm sinn an hir Kandheet a Jugend an den 90er Jore vum 20. Joerhonnert an am éischte Joerzéngt vum 21. Joerhonnert gelieft hunn (an dowéinst och nach dacks als Millenials bezeechent ginn). Déi Generatioun, déi sech och zu Lëtzebuerg manifestéiert, ass an der aktueller Mediewelt nach staark debattéiert. Fir déi Generatioun ass virun allem d'Opwuesse mat neien Technologien, wéi dem Internet, markant.[8]

Fest Generatiounen[änneren | Quelltext änneren]

An deem Fall gëtt de Konzept vu Generatioun benotzt, fir eng spezifesch Statioun am Liewe vun engem Mënsch ze beschreiwen, wéi zum Beispill d'Kandheet, oder den Drëtten Alter.

Drëtten Alter[änneren | Quelltext änneren]

Als Drëtten Alter bezeechent en déi Phas am Liewen tëschent der Pensioun an dem Greisentum. Den Drëtten Alter ass eng nei Generatioun, déi sech an der klassescher Konzeptioun vum Liewen (Kand/Jugendlechen - Erwuessenen - Alter) etabléiert huet. Dës Kategorie ass virun allem duerch de Wandel vun der Aarbechtswelt an dem Ausbreede vum Sozialstaat z'erklären an ass domat an der Nokrichszäit ze verankeren. Mat der méi héijer Alterserwaardung, der verbesserter medezinescher Versuergung a mam d'Aféiere vun engem fixe Rentenalter an enger Rent kritt de Mënsch no senger Pensioun eng nei Fräizäit. Déi Zäit ass als "Drëtten Alter" kategoriséiert.

Vill al Acteuren hu sech an deem Feld etabléiert, mä et sinn och vill nei Acteuren derbäikomm, wéi zum Beispill nei Beruffer wéi Assistant Social oder nei Betriber, wéi Hëllef Doheem oder Help, déi mobil Fleeghëllef als Service ubidden.[9] E gutt Beispill fir d'Konzept vum Drëtten Alter ze visualiséieren ass d'Amiperas (Amicale des personnes retraitées, âgées et solitaires / Vereinigung für Rentner, Senioren und einsame Menschen). D'Amiperas gouf 1963 vum Jean-Pierre Thoma gegrënnt, mam Zil e kulturellt a soziaalt Ëmfeld fir Senioren, Rentner a Leit, déi eleng liewen, ze schafen. D'Amiperas ass net nëmme fir d'Organisatioun vu Fester a Manifestatioune fir eeler Leit zoustänneg, mä këmmert sech och ëm aner Problemer, wéi zum Beispill den ëffentlechen Transport fir eeler Leit.[10]

E weideren Acteur ass GERO – Kompetenzzenter fir den Alter.


Gebrauch vum Konzept Generatioun[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Deel geet et ëm d'Konzept Generatioun a wéi et am Alldag gebraucht gëtt.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Generatioun spillt an der Demographie eng wichteg Roll. Wéi a villen anere westleche Länner ass den Taux démographique zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert staark erofgaangen, besonnesch wéinst enger verbesserter medezinescher Versuergung fir d'Leit, wat als Konsequenz en niddregen Taux de mortalité huet an eng méi héich Liewenserwaardung. Parallel dozou ass den taux de fécondité, also d'Unzuel vu Kanner erofgaangen. Déi zwéi Facteuren hu fir en Zeréckgoe vum Taux démographique gesuergt. Am Laf vum 20. Joerhonnert, virun allem an der direkter Nokrichszäit, hu vill Politiker dësen Trend als negativ ugesinn. Sou schreift den Emil Schaus, ee Politiker, an engem Text:“Alles in allem im Luxemburger Lande gibt es ein Viertel Fremder, die wir leider nicht in dem Maße abschieben können, wie es uns beliebt. Es dürfte also jedem klar sein, dass das Luxemburgertum in außergewöhnlichem Maße bedroht ist und bleibt.“[11] De selwechten Auteur, zu dem Moment ass hen Minister, schreiwt 17 Joer mei speit: “La situation démographique de notre pays s'avère de plus en plus précaire (…) deux phénomènes: a) Le premier est celui du vieillissement de la population (…) Le nombre des jeunes diminue, alors que celui des personnes âgées augmente (…) l'afflux démesuré d'étrangers.”.[12] Den heichen Altersduerchschnett vun der Gesellschaft stellt ee grousse Problem, virun allem aus ökonomescher a sozialer Siicht, well se Modell vum Sozialstaat a Gefor stellt. Och ënner der Regierung vum Gaston Thorn an de 70er Jore ginn änlech Schlëss a Saachen Demographie gezunn, wéi de Rapport Calot beweist.[13] De selwechte Calot, ee franséische Wëssenschaftler, presentéiert och 1991 eng änlech Etude.[13] Wann een déi dräi genannt Etude vergläicht, dann erkennt een eng gewësse Kontinuitéit. Sou geet am Laf vum 20. Joerhonnert den taux de naissance erof. Dëse Manktem u Leit, aus ekonomescher Siicht Aarbechtskraaft, gëtt awer duerch zwou Komponenten ersat: duerch Immigratioun an duerch Aarbechtskraaft aus dem noen Ausland, also Pendler oder Frontalieren. Sou kann e festhalen, datt et zu Lëtzebuerg net zu sou enger demographescher Kris kënnt.[14]

Generatiounen an der Politik[änneren | Quelltext änneren]

Och an der Politik spillen déi verschidde Generatioune wichteg Rollen. Beaflosst vun der kathoulescher Kierch an déi laang Regierungspresenz vun der CSV ass zu Lëtzebuerg laang um traditionelle Familljemodell festgehale ginn, bei dem d'Roll vun all Member fest definéiert ass.[15] De Lëtzebuerger Staat huet mat senger Politik staark d'Familljebild, an domat och d'Gesellschaft an déi verschidde Generatioune staark markéiert. Vill Gesetzer a Moossname si gestemmt ginn, déi sozial a finanziell Sécherheete fir d'Mënschen aus jiddwer generationeller Schicht garantéiert hunn, wéi zum Beispill d'Assurance dépendance 1998[16],  den Fonds national de solidarité (FNS) 1960[17], de Revenu minimale garantie (RMG) 1986[18], etc.. All des Mesuren, an nach vill anerer, si mam Zill getraff ginn, déi sozial Kohäsioun ze stäerken, an och den Dialog tëscht deene verschiddene Generatiounen ze stäerken.

Och an der Parteielandschaft ass de Generatiounskonzept an der Nokrichszäit nei definéiert ginn, dëst mat der Grënnung vu Sektioune vun deene verschiddene Parteie fir jonk Leit, wéi zum Beispill 1953 mat der Grënnung vun der CSJ (Chrëschtlech Sozial Jonk)[19], 1947 mat der Ubannung an Unifikatioun vu verschiddene sozialistesche Jugendorganisatiounen un LSAP, déi den den Numm JSL (Jonk Sozialiste Lëtzebuerg) kritt[20], oder 1948 mat der Grënnung vun der JDL (Jonk Demokrate Lëtzebuerg)[21]. An dëse Sektioune waren a si vill Politiker aktiv, déi spéider an d'Nationalpolitik erop komm sinn an do wichteg Positioune bekleet hunn.

Generatiounen am Alldag[änneren | Quelltext änneren]

Och baussent der Politik hunn déi verschidde Generatiounen an der Gestaltung vun der Kultur an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg eng wichteg Rôle gespillt. Vill Veräiner si mam Zil gegrënnt ginn, Leit aus enger Generatioun zesummenzebréngen, oder den Dialog tëscht deene verschiddene Generatiounen ze stäerken. Als Beispiller kenn een déi scho genannt Amiperas, Eis Jongen a Meedercher, Foyer de la Femme, oder déi sëllege Jugend- a Seniorenvereiner nennen, déi et iwwerall am Land gëtt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Unio'n (Ed.), L'épopée des sans-uniforme: Unio'n: 1944-1979, 1979 Luxembourg.
  2. Proklamatioun vum 6. August 1940, datt d'franséisch Sprooch net méi erlaabt ass, vgl. Lorang, Mill, Luxemburg im zweiten Weltkrieg, in: Tageblatt 22. November 2015, URL: http://www.tageblatt.lu/meinung/forum/story/Luxemburger-im-Zweiten-Weltkrieg-11041197
  3. Informatiounen iwwert d'Demographie zu Lëtzebuerg um offiziellen Internetportal vum Grand-Duché vun Lëtzebuerg http://www.luxembourg.public.lu/en/le-grand-duche-se-presente/population/evolution-demographique/index.html
  4. 4,0 4,1 4,2 Fehlen, Fernand/Schlechter, Dominique, Mai 68 - ein Mythos? in: Forum - Nr. 103 Mai 68 — ein Mythos? URL: https://www.forum.lu/issue/mai-68-a-ein-mythos/
  5. La radicalisation de l'Assoss et du CLAN - d'Letzeburger Land: 03.07.1998 // Pierre, Roland, Chronologie der Jugendradikalisierung in Luxemburg 1968 - 1973, in: Forum - Nr. 103 Mai 68 — ein Mythos? URL: https://www.forum.lu/issue/mai-68-a-ein-mythos/
  6. Bartels, Inken, Generation X. Zum inflationären Gebrauch des Begriffes "Generation" im aktuellen Mediendiskurs, in: Vokus. Volkskundlich-kulturwissenschaftliche Schriften. Nr. 1, 2002. URL: https://web.archive.org/web/20131029190221/http://www.kultur.uni-hamburg.de/volkskunde/Texte/Vokus/2002-1/generation-x.html
  7. Gloger, Martin, A Generation to end all generations. Zur Entmythologisierung des Generationenlabels „89er“, in: Vorgänge. Band 182, Nr. 2, 2008, S. 139–147.
  8. Furlong, Andy, Youth Studies. An Introduction, New York 2013, S. 15 - 18.
  9. Rémi Lenoir, L'invention du 3e âge. Constitution du champ des agents de gestion de la veillesse, in: Actes de la recherche en sciences sociales, Volume 26, Nr. 2, 1979, S. 57 - 82.
  10. Informationen zur Geschicht an zum Obbau vun der Organisatioun Amiperas um guichet luxesenior.lu URL: http://www.luxsenior.lu/online/www/nav_content/13/39/63/DEU/index.html
  11. Schaus, Emil, Familienpolitik (Cahiers du redressement 1), Luxembourg 1945, S. 20.
  12. Schaus, Emil, Le Luxembourg veut vivre, Luxembourg 1962, S. 7.
  13. 13,0 13,1 Wictor, Jean-Paul, D'un rapport Calot à l'autre, in: Forum Nr. 137 Le mythe du suicide démographique URL:https://www.forum.lu/article/dun-rapport-calot-a-lautre/
  14. Informatiounen iwwer d'Demographie vu Lëtzebuerg
  15. Hellingahusen, Georges,Politischer Katholizismus in Luxemburg, in: Timmermann, Heiner (hg.), Die Rolle des politischen Katholizismus in Europa im 20. Jahrhundert, Band 1, S. 175 - 195.
  16. Gesetzestext vun Assurance Dépendance op Legilux,URL: https://web.archive.org/web/20160912125245/http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1998/0048/1998A07101.html
  17. Mei Informatiounen zum FNS op Gouvernement.lu, URL: http://www.gouvernement.lu/1819773/fonds-national-de-solidarite-fns
  18. Offiziell Internetseit vum FNS mat mei Informatiounen zum RMG, URL: http://www.fns.lu/prestations/revenu-minimum-garanti-rmg/
  19. Mei Informatiounen zur Geschicht vun der CSJ op der offizieller Internetseit URL: http://csj.lu/csj/
  20. Mei Informatiounen zur Geschicht vun der JSL op der offizieller Internetseit URL: http://www.jsl.lu/jonksozialiste/geschicht/
  21. Mei Informatiounen zur Geschicht vun der JDL op der offizieller Internetseit URL: http://www.jdl.lu/wp/1948-die-gruendung/