Geneviève Conter

Vu Wikipedia
Geneviève Conter
Gebuer 13. Mee 1974

D'Geneviève Conter, gebuer den 13. Mee 1974 zu Neunkirchen, ass eng lëtzebuergesch Harf-Spillerin.

Si huet ugefaange Musek am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ze léieren, an der Pianosklass vum François Rukavina. Mat 13 Joer war si an der d'Harf-Klass vun der Charlotte Boulet-Fourot, wou se 1992 en Éischte Präis mat Distinctioun gemaach huet an 1994 en Éischte Präis mat Distinctioun a Kammermusek.

Zu där Zäit goung si an Eenzelcourse bei d'Marie-Claire Jamet a war um Conservatoire National de Région de Strasbourg an der Klass vum Pierre-Michel Vigneau wou si eestëmmeg 1995 eng Goldmedail krut. Am selwechte Joer goung si an de Conservatoire National Supérieur de Musique de Lyon an d'Klass vum Fabrice Pierre, wou se 1999 hiren Diplôme National d'Études Supérieures de Musique mat der Mentioun bien krut.

Si huet Masterklassen a Stagë bei der Anne Riquebourg, Marielle Nordmann, Marie-Pierre Langlamet an anere gemaach. Si gëtt Concerten als Solistin a Kammermusekerin. Des Weideren trëtt si mam Solo-Flutist vum OPL, dem Etienne Plasman op.

Si enseignéiert am Conservatoire vun der Stad Esch, an an de Museksschoule vu Péiteng an Iechternach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]