Geographesch Koordinaten

Vu Wikipedia
Weltkaart mat Linne fir geographesch Breet a Längt an Eckert-VI-Projektioun

Mat de geographesche Koordinaten (geographesch Breet a geographesch Längt) kann een d'Lag vun engem Punkt op der Äerd bestëmmen. D'Äerd gëtt dobäi an 360 Längtegrade souwéi an 180 Breetegraden opgedeelt. Längtegrade verlafen duerch Nord- a Südpol, Breetegrade parallel zum Equator.

Geographesch Koordinate ginn dacks am Sexagesimalsystem uginn, d. h. 1 Grad ass ënnerdeelt a sechzeg Minutten, 1 Minutt nees a 60 Sekonnen.

Koordinatesystem[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Koordinaten op der Kugel

D'Gradnetz vun der Äerd ass e geduechte Koordinatesystem op der Äerduewerfläch mat Längten- a Breetekreesser déi sech rechtwénkeleg schneiden. Et gëtt fir d'geographesch Bestëmmung vun enger Plaz benotzt. D'Breetegrade ginn dobäi vum Equator aus gezielt, d'Pole leien bei 90° Nord resp. Süd, d'Längtegrade gi vun engem willkürleche Nullmeridian no Osten an no Weste gezielt bis 180°. D'Festleeë vun de Wénkelen ass deem an der Mathematik gebräichleche Kugelkoordinatesystem entgéintgesat.

Bis Ufank vum 20. Joerhonnert waren a verschiddene Länner ënnerschiddlech Nullmeridiane gebräichlech (z. B. de Ferro-Meridian vun El Hierro an de Meridian vu Paräis). Haut gëtt weltwäit de Meridian vu Greenwich benotzt.

Och kënne geographesch Koordinate jee no Land ënnerschiddlech Bezuchssystemer hunn, deenen hir Referenzellipsoiden dem regionale Geoid ugepasst sinn. International gëtt haut meeschtens d'World Geodetic System 1984 (WGS84) gebraucht.

Loftfaart an Nautik[änneren | Quelltext änneren]

Genee Positiounsdonnéeë sinn an der Loftfaart an an der Nautik erfuerdert. Do gi geographesch Breet a Längt a Grad an Minutten uginn, z. B. Zugspitze Lat = 47° 25' N oder Nord, Lon = 010° 59' E oder Ost.

  • Bouminutte ginn dezimal weider ënnerdeelt.
  • No DIN 13312, fir Loft- a Séifaart, gëtt déi geographesch Breet mat Lat oder méi al och φ ofgekierzt, déi geographesch Längt mat Lon oder λ. B an L entspriechen net der Norm.
  • Eng Breeteminutt ass op der Äerduewerfläch eng Streck vu ronn 1,852 km an definéiert d'Längt vun enger Séimeil.
  • D'Streck, déi vergläichbar mat enger Längteminutt ass, huet um Equator 1,852 km, hëlt awer zum Pol hi mat dem Kosinus vun der geographescher Breet bis op Null of. Si ass also breetofhängeg. An Europa läit d'Streck tëscht 1,0 km an 1,5 km.

Vermiessungswiesen[änneren | Quelltext änneren]

Am Vermiessungswiese sinn cm-Genauegkeete gefrot. Dofir ginn d'Donnéeë vu Bousekonnen net duer, well eng Bousekonn (1″) ongeféier 31 m (Breetangab) resp. 20 m (Längtenangab an Europa) entsprécht. Zanter den 1990er Joren erfollegt an Däitschland eng Ëmstellung op UTM-Koordinaten am ETRS89-System, bezunn op de GRS80-Ellipsoid.

Natierlech, astronomesch, ellipsoidesch, geodetesch Koordinaten[änneren | Quelltext änneren]

Déi natierlech Koordinaten (astronomesch Breet φ an astronomesch Längt λ) kënnen duerch astronomesch Uertsbestëmmung ermëttelt ginn. Si bezéie sech op déi tatsächlech Loutrichtung um Miesspunkt. Déi ellipsoidesch Koordinaten (B, L – och geodetesch Koordinate genannt) bezéie sech dogéint op d'Normalrichtung vum gebrauchte Referenzellipsoid. D'Differenz vu Loutrichtung an Ellipsoidnormale ass normalerweis méi kleng wéi 10″ a gëtt als Loutofweechung bezeechent. An der Reegel lafe weeder Loutrichtung nach Ellipsoidnormal duerch den Äerdmëttelpunkt.

Bei klenge Genauegkeetsuspréch z. B. bei Kaartenduerstellungen op klenge Moossstief gëtt den Äerdkierper fir Vereinfachung duerch eng Kugel ersat. An dësem Fall entsprieche geographesch Breet a Längt sphäresche Koordinaten. Nëmmen dann ass d'Breet vun de Wénkel am Äerdmëttelpunkt tëscht dem Equator an dem gesichte Punkt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]