Georg Baselitz
| Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Georg Baselitz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Hans-Georg Kern |
| Gebuer |
23. Januar 1938 Deutschbaselitz |
| Gestuerwen | 30. Abrëll 2026 |
| Nationalitéit | Däitschland, Éisträich |
| Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Graphiker, Universitéitsprofesser, Illustrateur, Zeenograph, Auteur, Kënschtler |
| Member vun | Royal Academy of Arts, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Akademie der Künste Berlin, Académie des beaux-arts |
| Auszeechnungen | Commandeur des Arts et des Lettres, Chevalier vun der Légion d'honneur |
| Famill | |
| Geschwëster | Günter Kern |
|
| |
De Georg Baselitz, gebuer den 23. Januar 1938 zu Deutschbaselitz als Hans-Georg Bruno Kern, a gestuerwen den 30. Abrëll 2026, war en däitsch-éisträichesche Moler, Sculpteur a Grafiker. Hie gouf an den 1970er Jore mat figurativen expressiven Tableauen international bekannt.
Dem Baselitz säi Wierk ass vun enger Hellewull vun Inspiratioune beaflosst, wéi Illustratiounen aus der Sowjetzäit, manieristesch Drockgrafiken an afrikanesch Skulpturen. E groussen Afloss haten och d'Zerstéierungen an d'Leed vum Zweete Weltkrich a ginn dacks a senge Wierker thematiséiert. Sou war ee Leitmotiv vu sengem Wierk, visuell Uerdnungen a Konventioune mat senger Molerei ze stéieren. Vun 1969 un huet hie seng Motiver "op der Kopp" gemoolt, wat him zum Duerchbroch gehollef huet a seng Wierker onverkennbar gemaach huet.
Eenzel Wierker vun him waren ënner anerem am MUDAM[1] ausgestallt, a sinn an der lëtzebuergescher Filial vun der Deutsche Bank[2] um Kierchbierg ze gesinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Georg Baselitz – Radierungen 1989. Sabine Knust, Maximilian Verlag, München 1989.
- Franz Dahlem: Georg Baselitz. Köln, Taschen, 1991. ISBN 3-8228-1952-2.
- Siegfried Gohr: Georg Baselitz. Retrospektive 1964–1991. München, Hirmer, 1992. ISBN 3-7774-5830-9.
- Michael Auping, Detlev Gretenkort (Hrsg.): Georg Baselitz. Paintings 1962–2001. Milano: Gabrius, 2002.
- Richard Shiff u. a. (Hrsg: Kunst- und Ausstellungshalle der Bundesrepublik Deutschland): Georg Baselitz. Bilder, die den Kopf verdrehen. Leipzg: Seemann Verlag, 2004. ISBN 3-86502-089-5.
- Christian Malycha: Das Motiv ohne Inhalt. Malerei bei Georg Baselitz 1959–1969.Bielefeld: Kerber Verlag, 2008. ISBN 978-3-86678-131-3.
- Hans Werner Holzwarth: Georg Baselitz. Köln, Taschen, 2015. ISBN 978-3-8365-9910-8.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur de l'Ordre des Arts et des Lettres
Chevalier vun der Légion d'honneur
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Georg Baselitz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
