Georg Forster
Ausgesinn
| Georg Forster | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 27. November 1754 |
| Gestuerwen |
10. Januar 1794 Paräis |
| Doudesursaach | Hiereschlag |
| Nationalitéit | Däitschland, Polen, Litauen, Frankräich |
| Aktivitéit | Explorateur, Anthropolog, Ethnolog, Pteridolog, Bibliothekär, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Ornitholog, Revolutionär, Biolog, Botaniker, Universitéitsprofesser, Journalist, Entomolog, Mykolog, Autobiograph, Naturalist, Konschthistoriker, Geograph, Reesenden, Reesschrëftsteller |
| Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen, Fräimaurerei |
| Gielercher | Fellow vun der Royal Society |
| Famill | |
| Bestuet mat | Therese Huber (3.9.1785–) |
| Papp | Johann Reinhold Forster |
|
| |
De Johann Georg Adam Forster, gebuer de 27. November 1754 zu Nassenhuben bei Danzeg (haut Mokry Dwór a Polen), a gestuerwen den 10. Januar 1794 zu Paräis, war een däitsche Naturfuerscher, Ethnolog, Reesschrëftsteller, Journalist, Essayist a Revolutionär.
Hie war bei der zweeter Weltëmseglung vum James Cook an huet wichteg Bäiträg fir d'Geographie an d'Vëlkerkunde vun der Südséi gemaach a gëllt als ee vun de Grënner vun der wëssenschaftlecher Reesliteratur.
Als däitsche Jakobiner huet hien zu de Protagoniste vun der kuerzer Mainzer Republik gehéiert.
