Op den Inhalt sprangen

Friedrich-Georg Weiß

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Georg Friedrich Weiß)
Friedrich-Georg Weiß
Nationalitéit Preisen
Aktivitéit Editeur, Schrëftsteller

De Friedrich-Georg Weiß (och alt als Georg Friedrich Weiß ernimmt), gebuer ... zu Breslau, a gestuerwen ..., war e preiseschen Editeur an Auteur.

Hien ass 1817 als Sekretär vum preisesche Festungskommissariat op Lëtzebuerg komm, an huet niewelaanscht e "Petitiounsbureau" bedriwwen, wou en de Leit Texter formuléiert, Feierversécherunge verkaaft an als Immobilienagent fungéiert huet.[1]

Hie war Besëtzer, Editeur a Redakter vum Luxemburger Wochenblatt (1821-1826) , der éischter däitschsproocheger Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum.

De Weiß huet am Wochenblatt gär emol fiktiv Dialoger, déi Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch vermëscht hunn, geschriwwen, an domat bezeit, datt et scho virun 200 Joer an der Stad Lëtzebuerg méisproocheg hiergaangen ass. Hien huet doran och dat éischt bekannt Gedicht op Lëtzebuergesch publizéiert. Et war dat, an der Rubrik "Mancherlei", "en patois de Luxembourg", Les derniers Vœux d'un Ivroigne, an der Nummer vum 10. Dezember 1825.[2]

Nodeems seng Zeitung 1826 faillite gaangen ass, an och aus Pläng, eng Zort groussherzoglech Haffzeitung ze publizéieren, näischt ginn ass, ass de Weiß aus Lëtzebuerg fortgaangen. Seng Fra war schonn éischter hannescht an Däitschland bei seng Mamm wunne gaangen. Iwwer säi weidert Liewen ass näischt bekannt.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Fiche Luxemburger Wochenblatt op eluxemburgensia.lu.
  2. Bodo Bost: "Der arme Trunkenbold." d'Lëtzbuerger Land Nr.50, 72. Jg., 12.12.2025, S. 26.