George Bassett Clark
Ausgesinn
| George Bassett Clark | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 14. Februar 1827 |
| Gestuerwen |
20. Dezember 1891 Cambridge |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun | Phillips Academy |
| Aktivitéit | Astronom |
| Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
| Famill | |
| Papp | Alvan Clark |
| Geschwëster | Alvan Graham Clark |
|
| |

De George Bassett Clark, gebuer de 14. Februar 1827 zu Lowell, Massachusetts, a gestuerwen den 20. Dezember 1891 zu Cambridge, Massachusetts, war e US-amerikaneschen Astronom an Teleskopebauer.
Hie war de Jong a Matbesëtzer vum Alvan Clark an dem Brudder vum Alvan Graham Clark. D'Famill huet am 19. Joerhonnert d'Entreprise Alvan Clark & Sons zum Bau vu Lënserefraktere bedriwwen. Si hunn ettlech Rekord-Teleskope fabrizéiert, déi a Cambridge, Massachusetts, benotzt goufen, inklusiv dem gréissten Refraktiounsteleskop zu hirer Zäit am Yerkes-Observatoire.
1878 gouf de George Bassett Clark an d'American Academy of Arts and Sciences gewielt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- J. D. Hicks: Stars and Their Investigators., New York Times, 16. Juli 1899.
- The Clark Family. Encyclopaedia Britannica.
