Op den Inhalt sprangen

George Foreman

Vu Wikipedia
George Foreman
Gebuertsnumm George Edward Foreman
Gebuer 10. Januar 1949
Marshall
Gestuerwen 21. Mäerz 2025
Houston
Nationalitéit USA
Aktivitéit Boxer, Geschäftspersoun
Gréisst 193 cm
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1968

Den George Edward Foreman, gebuer den 10. Januar 1949 zu Marshall am Texas, a gestuerwen den 21. Mäerz 2025 zu Houston am Texas, war en US-amerikanesche Boxer.

Seng Profiskarriär war vun 1969 bis 1997, eng vun deene längste Karriären an der Geschicht vum Boxen. Als Amateur huet hien d'Goldmedail am Schwéiergewiicht bei den Olympesche Summerspiller vun 1968 zu Mexiko gewonnen. Vu Januar 1973 bis Oktober 1974 war den George Foreman onëmstriddene Weltmeeschter (WBC, WBA), esouwéi vun November 1994 bis Mäerz 1995 op en Neits Weltmeeschter an der International Boxing Federation (IBF) an an der World Boxing Association (WBA). 1998 gouf hie vum Ring Magazine, hannert dem Muhammad Ali, Joe Louis an dem Evander Hollyfield, zum véiertbeschte Schwéiergewiichtsboxer vun allen Zäite gewielt.

No senger Boxerkarriär huet hien als Priedeger, Sportskommentator an Entrepreneur geschafft.

Commons: George Foreman – Biller, Videoen oder Audiodateien