George Mergenthaler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
George Mergenthaler
Gebuertsnumm George Ottmar Mergenthaler
Gebuer 5. August 1920
Rye
Gestuerwen 18. Dezember 1944
Eschweiler
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit
Aktivitéit Zaldot
Wikidata-logo-without-paddings.svg


Den George Ottmar Mergenthaler, gebuer de 5. August 1920 zu Rye, a gestuerwen den 18. Dezember 1944 zu Eschweiler, war en amerikaneschen Zaldot deen an der Ardennenoffensiv gefall ass.

De Café Halte (2020): op dëser Strooss, Richtung Eschweiler ass den George Mergenthaler den 18. Dezember 1944 gefall.

De Mergenthaler, dee vu senge Komerode Merg genannt gouf, war Zaldot am Opklärungstrupp (28th Cavalry Reconnaissance Troop) vun der amerikanescher 28. Infanteriedivisioun. D'Missioun vun den Opklärungstruppe war et fir virun der eegener Frontlinn d'Positiounen an d'Kampfstäerkt vun de feindlechen Truppen opzeklären an un den Haaptquartéier ze mellen.

No der Liberatioun vu Lëtzebuerg, den 10. September 1944, war déi 28. Opklärungstrupp vun November bis Dezember 1944 zu Eschweiler stationnéiert. Wéinst senger Hëllefsbereetschaft an och senge Sproochekenntnisser – niewent Englesch huet hie fléissend Däitsch a Franséisch geschwat –, war den George Mergenthaler bei de Leit am Duerf ganz beléift.

Wéi den 18. Dezember 1944, um zweeten Dag vun der Ardennenoffensiv, d'Opklärungstrupp sech aus Eschweiler huet missen zréckzéien, sinn si no beim Café Halte, ongeféier an der Mëtt tëschent Eschweiler a Wolz, op däitsch Panzer mat Infanteriste gestouss. Et koum zu Schéissereien, bei deenen den George Mergenthaler gefall ass.

Un den Georges Mergenthaler erënneren haut zu Eschweiler eng Plack mat sengem Portrait an der Kierch an e Monument zu sengen Éieren no beim Café Halte, laanscht den CR328, no bei der Plaz wou hie gefall war.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den George Ottmar Mergenthaler war den Enkel vum Ottmar Mergenthaler (1854-1899), deen 1872 an d’USA ausgewandert war an do d'Linotype-Setzmaschinnn entwéckelt a mat Hëllef vun enger eegener Firma produzéiert huet. Dës Maschinn huet d'Setzen an den Dréckereie revolutionnéiert a war bis an d'1980er Joren, ier den Desktop-Publishing opkoum, weltwäit am Asaz. Duerch dës Aktivitéit koum den Ottmar a seng Famill zu finanziellem Wuelstand.

Den Ottmar Mergenthaler hat fënnef Kanner, dorënner den Herman Charles Mergenthaler (1887-1972), dem George säi Papp. Den George war dat eenzegt Kand vum Herman Mergenthaler an der Alice Sweeney an ass mat der englescher an der däitscher Sprooch opgewuess. Spéider huet hie franséisch derbäi geléiert.

Am September 1939 huet den George Mergenthaler op der Princeton University ugefaangen Englesch a Geschicht ze studéieren. Am Juni 1942, nach wärend sengen Universitéitsstudien, mellt hie sech fräiwëlleg bei déi amerikanescher Arméi. Am Januar 1943 ass hien akasärnéiert ginn an am Oktober 1943 mat senger Trupp, der 28th Cavalry Reconnaissance Troop, déi mat ca. 140 Zaldote un déi 28. Infanteriedivisioun rattachéiert war, iwwer den Atlantik an de Wales transportéiert ginn.

Wéinst senge Sproochkenntnisser gouf hien dem Haaptquartéierplotto vun der Opklärungstrupp zougeuerdent.

Den 28. Juli 1944, ca. 7 Wochen nom D-Day, ass seng Divisioun op Oklahoma Beach an Nordfrankräich gelannt. Den 29. August 1944, no der Liberatioun vu Paräis, participéiert hie mat der ganzer 28. Infanteriedivisioun un der Parad op de Champs-Élysées.

Den 10. September 1944 kënnt den George mat den amerikaneschen Truppen eng éischte Kéier op Lëtzebuerg, duerno gouf den Opklärungstrupp mat der 28. Infanteriedivisioun an d'Belsch bei Malmedy an duerno un d'Front am Hürtgenbësch verluecht.

Openthalt zu Eschweiler[änneren | Quelltext änneren]

2021: D'Haus zu Eschweiler an deem de Mergenthaler 1944 zesumme mat engem aneren Zaldot logéiert huet.

Am November 1944 gouf déi 28. Infanteriedivisioun am Hürtgenbësch ofgeléist an un déi däitsch Grenz verluecht. Den Haaptquartéier vun der Divisioun koum op Wolz an den 28. Opklärungstrupp gouf zu Eschweiler stationnéiert, wou d'Zaldote bei den Awunner aquartéiert goufen. Hier militäresch Aktivitéit war reduzéiert an den George Mergenthaler huet sech bei den Awunner wéinst senger Hëllefsbereetschaft am Duerf besonnesch beléift gemaach, dat och well hie fléissend Däitsch geschwat huet. Hien huet sech mam Paschtouer, dem Antoine Bodson ugefrënnt, deen Hobbyfotograf war, sou datt eng Rëtsch Fotoe vum Merg zu Eschweiler entstane sinn. Och mam Virginia vum Hubertyshaff huet hie vill Zäit verbruecht.

De Kampf um CR328 no beim Café Halte[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Dezember 1944 huet déi däitsch Arméi d'Ardennenoffensiv lancéiert. Wéi hier Panzeren an d'Infanterie Eschweiler ëmmer méi no koumen an éischt Kämpf entstane sinn, hunn déi ënnerleeën amerikanesch Zaldote vun der Opklärungstrupp d'Duerf an zwee Plottoe verlooss. Dem Mergenthaler säi Plotto huet aus sechs Gefierer bestanen, déi um CR328 no Süden aus dem Duerf eraus a Richtung Wolz gefuer sinn.

No beim Café Halte, ongeféier an der Mëtt tëschent Eschweiler a Wolz, sinn si op zwee däitsch Panzer mat Infanteriste gestouss, déi Granaten op déi amerikanesch Gefierer geschoss hunn. De Mergenthaler, deen am drëtte Gefier souz, ass bei d'Maschinnegewier um Kommandojeep gesprongen an huet ronderëm op déi däitsch Zaldote geschoss. Dertëscht huet hie senge Komeroden zougeruff, si sollen iwwer den Hiwwel a Richtung Bësch fortlafen, wat e puer vun hinnen och gelongen ass. Wéi awer dem Merg säi Maschinnegewier eng éischte Kéier an dunn och nach eng zweete Kéier blockéiert ass, gouf hien eng Zilscheif a gouf duerch Kugele schwéier verwonnt. Fir déi amerikanesch Zaldoten déi net konnte fortkommen, war d'Situatioun aussichtsloos an si hu kapituléiert.

Zwee vu senge Komeroden, ee vun hinne war Sanitäter, hunn sech ëm de Merg gekëmmert. Kuerz drop koum den däitschen Offizéier bei den George, hien huet Englesch mat him geschwat, de Merg huet him, mat grousser Méi, op Däitsch g'äntwert. Kuerz drop huet den Offizéier seng Pistoul gezunn an de Mergenthaler an de Kapp geschoss… vläicht well hie gemengt huet, datt dee schwéier verwonnten Zaldot net kéint den Transport bis an e Gefaangenelager iwwerliewen. Dunn huet hien den amerikaneschen Zaldoten de Befeel ginn, de Mergenthaler um Bord vun der Strooss noutdürfteg ze begruewen.

D'Begriefnis um Kierfecht zu Eschweiler[änneren | Quelltext änneren]

No der Ardennenoffensiv, an nodeems am Mäerz 1945 de Schnéi geschmollt war, huet eng Fra aus der Famill vum Café Halte, déi mat engem klenge Jong zu Fouss op Eschweiler ënnerwee war, d'Graf um Bord vun der Strooss fonnt an dat zu Eschweiler gemellt. Den Abbé Bodson an d'Virginia sinn op d'Plaz gaangen an hunn dem George seng Läich identifizéiert. De 26. Mäerz hunn den Abbé Bodson an aner Männer vun Eschweiler dem Mergenthaler seng Läich exhuméiert. D'Doudelued gouf ënner der Begleedung vun engem groussen Deel vun den Awunner vun Eschweiler op den Duerfkierfecht bruecht an do begruewen.

De Kontakt mat den Elteren[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 1945 kruten dem George seng Eltere matgedeelt, datt hiere Jong den 18. Dezember zu Eschweiler gefall war. Et ass dunn e laangjärege Bréifaustausch tëschent hinnen an dem Abbé Bodson entstanen. Wéi d'Eltere gewuer si ginn, wéi beléift den George am Duerf war, hu si decidéiert, den Nei-Opbau vun der Kierch zu Eschweiler, déi an der Ardennenoffensiv schwéier beschiedegt gi war, ze finanzéieren. Ufanks 1947 war St. Maurice komplett frësch gemaach. Dat selwecht Joer hunn d'Elteren d'Doudelued mam George an d'Vereenegt Staate brénge gelooss, wou hien am Familljegraf zu Rochester am Staat New York bäigesat gouf.

Erënnerungen un den George Mergenthaler[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch zu Eschweiler (2020).
An der Entrée vun der Kierch zu Eschweiler.
D'Monument no beim Café Halte.
  • An der Entrée vun der Kierch St-Maurice zu Eschweiler: e Medaillon mam George sengem Portrait an eng Plack vun 1946, op Englesch an op Lëtzebuergesch.
  • Laanscht den CR328, net wäit vum Café Halte ewech, no bei der Plaz wou den George gefall ass: E Monument aus Steen mat engem Text iwwer den George. Dernieft steet e Panneau mat Explikatiounen. Op der Strooss weist e Schëld bei d'Monument.
  • D'Buch vum Peter Lion iwwer den George Mergenthaler a seng Famill (2019; 2020 an enger Iwwersetzung op Lëtzebuergesch erauskomm). Den Auteur baséiert sech ë.a. op Aussoe vum Victoria Pletschett vun Eschweiler a vu Veterane vun der 28ter Kavallerie-Opklärungstrupp, déi den George Mergenthaler kannt hunn.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Wann net anescht markéiert baséiert dësen Artikel op dem Peter Lion sengem Buch vun 2019.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Lion, 2019. MERG. The TRUE story of one WWII soldier’s selfness act of valor that one town never forgot. Published in the USA and in Luxembourg by TFE Publishing. ISBN 978-1-7345095-0-2 (Paperback), 978-1-7345095-1-9 (E-Book).[1]
  • Peter Lion, 2020. MERG. Di Wouer Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet. Op lëtzebuergesch iwwersat an editéiert vum Carole Soffiaturo, 226 S. Publizéiert an den USA an zu Lëtzbuerg vun TFE Publishing. ISBN 978-1-7345095-26 (Täschebuch), 978-1-7345095-1-9 (E-Buch).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den 29. November 2019 gouf d'Buch an der Kierch zu Eschweiler am Kader vun enger Zeremonie virgestallt. [1]