Georges-Louis vu Berghes
| Georges-Louis vu Berghes | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Gebuer |
5. September 1662 Bréissel |
| Gestuerwen |
5. Dezember 1743 Léck |
| Aktivitéit | kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
| Mamm | Florentine Margareta van Renesse van Elderen |
|
| |
De Georges-Louis vu Berghes, gebuer de 5. September 1662 zu Bréissel, a gestuerwen de 5. Dezember 1743 zu Léck, war e Kavalleriesoffizéier am Déngscht vun de spueneschen Nidderlanden, Doumhär vu Saint Lambert zu Léck, vum 17. Dezember 1695 un, a vum 7. Februar 1724 un, Prënzbëschof vu Léck.
Seng Konkurrente fir de Bëschofstroun waren den Äerzbëschof vu Köln, de Klemens-August vu Bayern, dee sengem Virgänger säin Neveu war, de Kardinolprënz vu Sachsen, an den Äerzbëschof vu Vienne am Dauphiné.
Hi gouf zolidd vum Doumkapitel ënnestëtzt, well d'Doumhären e Bëschof wollten, deen ëmmer present war, a seng permanent Residenz am Bistum hat.
Den de Berghes deen zimmlech autoritär war, huet déi Lécker Territorialrechter zéi géint d'éisträichesch Nidderlande verdeedegt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Georges-Louis vu Berghes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger | Nofollger | |
|---|---|---|
| Joseph Clemens vu Bayern | Bëschof vu Léck 1724 - 1743 |
Johann Theodor vu Bayern |
