Georges Bidault

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Resistenzler a Politiker. Fir de franséischen Astronom an Auteur, kuckt wgl. Georges Bidault de l'Isle.
Georges Bidault
Georges Bidault.jpg
Gebuer 5. Oktober 1899
Moulins
Gestuerwen 27. Januar 1983
Cambo-les-Bains
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Diplomat, franséische Resistenzler
Partei Mouvement républicain populaire, Front national
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Georges-Augustin Bidault, gebuer de 5. Oktober 1899 zu Moulins, am Departement Allier, a gestuerwen de 26. Januar 1983 zu Cambo-les-Bains, an de Pyrénées-Atlantiques, war e franséische Resistenzler a Politiker. Hie war den Nofolger vum Jean Moulin un der Spëtzt vum Conseil national de la Résistance, President vun der Provisorescher Regierung vun der Franséischer Republik, Minister a Président du conseil (Premierminister) wärend der Véierter Republik.

Hie gouf vun 1934 u bekannt als Editorialist vun der kathoulescher Dageszeitung L'Aube.

Nom Krich, wou hien Nofolger vum Jean Moulin un der Spëtzt vum Conseil national de la Résistance war, war hie Matgrënner vum MRP a gouf 1952 säin Éierepresident. 1945 gouf hien als Deputéierte vun der Loire an d'Nationalversammlung gewielt a bis 1962 erëmgewielt.

Tëscht 1944 a Juni 1954 war hien un enger ganzer Rëtsch vu kuerzliewege Regierunge bedeelegt, dacks als Ausseminister. Zwee Mol war hien och Regierungschef: vu Juni bis Dezember 1946 an der Provisorescher Regierung, a vun Oktober 1949 bis Juli 1950.

1958, wéi den De Gaulle President gouf, an du fir de Réckzuch vu Frankräich aus Algerien agetratt ass, huet de Bidault, deen dat net verquësse konnt, sech den extremisteschen OAS ugeschloss. Nach nom Waffestëllstand, 1962, gouf hien zu Roum President vum Exekutivcomité vun engem neie Conseil national de la Résistance, dee kämpfe soll fir datt Algerien franséisch bléif. Doropshi gouf him seng paarlamentaresch Immunitéit entzunn. Hien ass ënnergetaucht an 1963 an Däitschland ausgewandert, wou en awer geschwënn expulséiert gouf, dono a Portugal, vu wou en och erausgeheit gouf, dës Kéier a Brasilien. 1967 ass en an d'Belsch gaangen, a konnt, nodeems d'OAS-Memberen 1968 amnestéiert gi waren, a Frankräich hannenscht goen.

1969 huet en de Mouvement pour la justice et la liberté gegrënnt fir den Alain Poher bei de Presindetschaftswalen 1969 z'ënnertëtzen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Discours sur la CED, Éditions AIA Paris, 1953.
  • Algérie, l'oiseau aux ailes coupées, La Table ronde, 1958.
  • D'une résistance à l'autre, Presses du siècle, 1965.
  • Entretiens avec Guy Ribeaud, La Table ronde, 1968.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Barthélémy Ott, Georges Bidault, l'indomptable, Imprimerie du Vivarais, 1975.
  • Bulletin de l'Association des Amis de Georges Bidault, janvier 1986, Presses Sudestasie, 1985, ISBN 285881-035-4
  • Jacques Dalloz, Georges Bidault, Biographie politique, L'Harmattan, 1993.
  • Jean-Claude Demory, Georges Bidault, Éditions Julliard, 1995.
  • Jean-Rémy Bézias, Georges Bidault et la politique étrangère de la France (États-Unis, Europe, Proche-Orient), 1944-1948, L'Harmattan, 2006.
  • Daniel Cordier, Alias Caracalla, Éditions Gallimard, 2009.