Op den Inhalt sprangen

Georges Clemenceau

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Clemenceau
Gebuertsnumm Georges Benjamin Clemenceau
Pseudonym Petras Zoufit
Gebuer 28. September 1841
Mouilleron-en-Pareds
Gestuerwen 24. November 1929
Paräis
Alter 88 Joer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Sorbonne Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Politiker, Journalist, Dokter, Dréibuchauteur, Romancier, Regierungschef, Buergermeeschter, Enseignant, Auteur, Minister
Partei Parti républicain, radical et radical-socialiste
Fonctioun Deputéierten, Krichsminister vu Frankräich, President vum Ministerrot, Senateur vun der Drëtter Republik
Member vun Académie française, Académie nationale de médecine
Auszeechnungen Grand-croix de la Légion d'honneur
Famill
Bestuet mat Mary Plummer (1869–1891)
Liewenspartner(in) Rose Caron
Papp Paul Benjamin Clemenceau
Geschwëster Sophie Clemenceau, Albert Clemenceau
Kanner Michel Clemenceau, Thérèse Clemenceau

De Georges Clemenceau, gebuer den 28. September 1841 zu Mouilleron-en-Pareds, am Departement Vendée, a gestuerwen de 24. November 1929 zu Paräis, war e franésische Journalist a Politiker vun der Drëtter Republik.

Hie war ee vun de prominentste Vertrieder vum lénksbiergerleche Parti radical a vun 1906 bis 1909, an nach en Kéier vun 1917 bis 1920 Premierminister vu Frankräich.

Hie war antiklerikal an huet sech fir d'Rehablitéierung vum Alfred Dreyfus agesat. Gläichzäiteg war hie staark nationalistesch, an huet an Däischland de Géigner gesinn, deen nom Éischte Weltkrich méiglechst haart bestrooft sollt ginn.

Eng jett Stroossen a Plazen, besonnesch a Frankräich, erënneren un hien. Och an der Stad Lëtzebuerg, zu Gaasperech, gouf eng Strooss no him genannt.[1]

 Commons: Georges Clemenceau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. L-1344. Lokaliséierung op geoportail.lu.