Georges Droessaert

Vu Wikipedia
Georges Droessaert
Gebuer 8. Juli 1872
Gestuerwen Februar 1949
Paräis
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker, Schouster, Editeur

De Louis-Georges Droessaert, gebuer den 8. Juli 1872 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen am Februar 1949[2] am Alter vu 76 Joer zu Paräis, war e Schouster an e Pionéier ënnert de Lëtzebuerger Gewerkschaftler.[3]

Liewen an Nationalitéit[änneren | Quelltext änneren]

Den Droessaert war Schouster an hat fir d'éischt e Buttek am Stater Garer Quartier, éier en op Déifferdeng gaangen ass an do am Wangert an an der haiteger Michel-Rodange-Strooss säi Geschäft opgemaach huet. Zesumme mat senger Fra Gabrielle Boekstal a senge Jonge Maurice an Alain huet hien an äermleche Verhältnesser gelieft.

Dem Droessaert säi Papp war e Belsch an de Georges Droessaert um Pabeier kee Lëtzebuerger. Hien hat d'Frist net agehalen, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen. Well hien awer politesch aktiv war an och op de Wallëschte wollt stoen,[4] huet den Droessaert 1908 zu Déifferdeng probéiert, d'lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien. Dofir huet awer den Déifferdenger Gemengerot mussen en Avis un d'Chamber ginn, déi schlussendlech sollt entscheeden. Den Déifferdenger Gemengerot huet sech eestëmmeg géint déi Naturaliséierung ausgeschwat. Dowéinst ass et dem Droessaert eréischt 1909[1] gelonge seng Nationalitéit z'änneren, warscheinlech mat Ënnerstëtzung vu liberalen a sozialisteschen Deputéierten.

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Entête vun zwou Zeitungen, un deenen den Droessaert matgewierkt huet: Der arme Teufel...
... a Freiheit.

Zesumme mam Jean Schaack-Wirth an dem Jacques Thilmany huet de Droessaert 1903 d'Zeitung Der arme Teufel etabléiert. Déi éischt Ausgab ass den 29. November erauskomm. Den Thilmany an den Droessaert hate schonn 1902 d'Sozialdemokratesch Partei matgegrënnt, d'Virgängerpartei vun der haiteger LSAP. Den "Aarmen Däiwel" war antiklerikal an antikapitalistesch ausgeriicht an huet sech fir déi sozial benodeelegt Schichte vun der Bevëlkerung agesat.

Zu där Zäit gouf et nach keng Gewerkschaft speziell fir d'Aarbechter ginn. Dofir huet de Georges Droessaert bei der däitscher Metallarbeitergewerkschaft ugefrot, ob déi zu Lëtzebuerg kéint Antennen opmaachen. An dem Kader goufen och Evenementer mat däitsche Spriecher organiséiert, fir d'Iddi ënnert den Aarbechter ze promouvéiere sech besser ze organiséieren. Dat war awer kee Succès a wéineg Leit hunn Interessi gewisen, Member an enger Gewerkschaft ze ginn.

Well Der arme Teufel him net revolutionär genuch war huet den Droessaert d'Zeitung 1910 verlooss an d'kuerzlieweg[5] Zeitung Freiheit gegrënnt. Si gëtt vun Historiker heiansdo als anarchistesch bezeechent.[3],[6] Si gouf direkt vun der Police beschlagnaamt. An där Zeitung huet den Droessaert ënner anerem iwwer e Generalstreik, Sabotage an d'Ofschafung vum Kapitalismus geschriwwen. Den deemolege Procureur général Thorn wollt den Droessaert souguer expulséieren, mä hien hat net matkritt datt deen d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hat an dat deementspriechend net méi méiglech war.

1912, beim Streik op der Déifferdenger Schmelz, war de Georges Droessaert virbäi an huet e politeschen Discours gehalen andeem hien déi streikend Italieener opgefuerdert huet, duerchzehale bis all hir Konditiounen erfëllt wieren. Och beim Streik 1917 huet hien nees agitéiert. Well deen awer am Éischte Weltkrich war an d'Land vun Däitschland besat war, hunn déi Däitsch hie verhaft an hie wéinst Héichverrot ugeklot. Si wollte kee Streik esou no un der Front. Den Droessaert gouf zu 10 Joer Festungshaft verurteelt. Um Enn vum Krich, den 11. November 1918, gouf hie fräigelooss, mä du war hie krank a ruinéiert. Hien huet nach eng Plainte géint den Déifferdenger Policekommissär Mosinger gemaach, well hie gemengt huet, deen hätt hien un déi Däitsch verroden. Well keng Beweiser ze fanne waren ass et net zu engem Prozess komm.

De Georges Droessaert war sechsmol Kandidat bei de Chamberwalen a gouf ni gewielt. 1920 gouf hien an den Déifferdenger Gemengerot gewielt, wou hie mat senge sozialistesche Kolleegen eng staark Oppositioun géint de Buergermeeschter Emile Mark gemaach huet.

1921 ass hien an déi nei gegrënnt kommunistescher Partei agetrueden. 1924 gouf hien eng weider Kéier an den Déifferdenger Gemengerot gewielt an ass do och bis 1928 bliwwen.

1931 ass de Georges Droessaert op Paräis geplënnert wou hien 1949 am Alter vu 76 Joer gestuerwen ass. Hie gouf am Krematorium vum Père Lachaise-Kierfecht ageäschert.[2]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Loi du 28 juin 1909, accordant la naturalisation à M. Louis-Georges Drœssart, cordonnier à Differdange. am Memorial N°43 vum 31. Juli 1909
  2. 2,0 2,1 Portrait vum Georges Droessart op der Säit 11 (vum PDF) 50 Jahre Dienst am Volke Das Werden und Wachsen der sozialistischen Bewegung in Luxemburg op www.lydieschmit.lu
  3. 3,0 3,1 Frédéric Krier, Anarchisme(s) au Luxembourg dans l'entre-deux-guerres. Contre le fascisme, le communisme… et la démocratie parlementaire in Études luxembourgeoises / Luxemburg-Studien, "Identitätsbildung und Partizipation im 19. und 20. Jahrhundert", Nr. 12, Säit 277-278
  4. Hien hat schonn 1905 probéiert, an de Gemengerot vun der Gemeng Hollerech gewielt ze ginn, mä seng Kandidatur gouf wéinst senger Staatsbiergerschaft net ugeholl.
  5. Mouvement ouvrier international, in La voix du peuple, 8. Abrëll 1911
  6. Romain Hilgert: Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Säit 166