Georges Hausemer

Vu Wikipedia
Georges Hausemer
De Georges Hausemer 2008
Gebuer 1. Februar 1957
Déifferdeng
Gestuerwen 13. August 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Iwwersetzer, Schrëftsteller, Journalist, Zeechner, Editeur

De Georges Hausemer, gebuer den 1. Februar 1957 zu Déifferdeng a gestuerwen den 13. August 2018[1] war e fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Zeechner an Editeur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Déifferdeng gebuer, ass de Georges Hausemer zu Stengefort, Péiteng, Waasserbëlleg, Mäertert an Hoen opgewuess. Hien huet zu Salzburg a Mainz Publizistik a Romanistik studéiert. Zanter 1984 huet hien als fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Verlagsmataarbechter an Zeechner zu Esch/Uelzecht gelieft.

Hien hat länger Openthalter an den USA (International Writing Program, Iowa, 1988), a Spuenien an zu Berlin an huet zanter 1995 Reesen an Asien (Thailand, Indien, Nepal, China), Afrika (Senegal, Mali, Burkina Faso, Niger), USA, Mëttel- a Südamerika gemaach.

Hie war 1986 Grënnungsmember a bis 1991 Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

2000 huet en als Lëtzebuerger Vertrieder um Literaturexpress Europa 2000 deelgeholl.

Seng Biller huet hien zanter 1992 e puermol am Salon du CAL an am Konschthaus Beim Engel ausgestallt.

De Georges Hausemer huet am Summer 2012 zesumme mam Susanne Jaspers de lëtzebuergesche Verlag Capybara Books gegrënnt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Hausemer gouf fir säi Wierk als Auteur an Iwwersetzer mat verschiddenen nationalen an auslännesche Präisser, Bourssen a Stipendien ausgezeechent, z. B. e puermol beim Nationale Literaturconcours (fir Romaner, Kuerzgeschichten, Reesgeschichten, Gedichter).

2017 krut hien de Batty-Weber-Präis.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Hausemer huet zanter 1982 Romaner, Erzielungen, Kuerzgeschichten, Gedichter an Iwwersetzungen (aus dem Franséischen, Engleschen a Spueneschen) publizéiert. Donieft huet hien Texter an Zeitungen, Zäitschrëften an Anthologien; zanter 1995 och Reesreportagen an nationalen an internationalen Zeitungen (Frankfurter Allgemeine Zeitung, Frankfurter Rundschau, Süddeutsche Zeitung, Neue Zürcher Zeitung, Der Standard, Telecran, etc.) geschriwwen. Hien ass den Auteur vum Luxemburger Lexikon (2006).

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Das Buch der Lügen: Roman, F. Schneekluth, München 1985, 198 S. (Münchner Edition).
  • Milan 412: Notizen und Berichte, Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 1987, 95 S.
  • Kleines luxemburgisches Sittenbild: Roman, Alano Verlag, Aachen 1989, 141 S. (Edition Luxemburger Autoren, Bd. 1).
  • Das Institut, Op der Lay, Esch-Sauer 1989, 81 S.
  • Der Spanier in meinem Zimmer: Stories, Op der Lay, Esch-Sauer 1992, 149 S.
  • Hornissen schießen: kleine Prosa, Eric van der Wal, Bergen (Holland) 1993, n.p.
  • Die Gesetze der Schwerkraft: Erzählung, Ėditions Phi, Echternach 1995, 124 S.
  • Die Tote aus Arlon: 39 Geschichten (mit einem Nachwort von Roger Manderscheid und Radierungen von Ursula Frerich), Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997, 236 S.
  • Luxemburg kulinarisch: Küche, Land & Leute, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 1997, 236 S. (zesumme mam Guy Hoffmann an dem Sylvie Bisdorff).
  • Iwwer Waasser. Roman, Ėditions Phi, Iechternach 1998, 191 S.
  • Im Land der Mauren und Olivenhaine: andalusische Streifzüge, Picus Verlag, Wien 2000, 131 S. (Picus Lesereisen).
  • D'Stad Lëtzebuerg: die Stadt Luxemburg: Streifzüge und Impressionen. Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 2000, 233 S. (zesumme mam Robert Kieffer).
  • Der lächelnde Elefant in der Rushhour: thailändische Szenerien. Picus Verlag, Wien 2002, 132 S. (Picus Lesereisen).
  • Und abends ein Giraffenbier: Reisegeschichten, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2006, 301 S.
  • Die heiligen Ratten von Deshnok: eine indische Reise, Ėditions Saint-Paul, Luxembourg 2008, 140 S.
  • Dem Sibbi seng Wierder, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2008, n.p. (Kollektioun: MiniBuch ; Bd. 1) [e Kannerbuch].
  • Mit dem Groβherzog am Mittagstisch: Luxemburger Grenzgänge, Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien, 2009, 132 S.
  • Lesereise Baskenland: die kochenden Kerle von der Muschelbucht, Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien, 2010, 132 S.
  • Con Dao: Erzählungen, Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 2011, 170 S.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Iwwersetzungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Franséischen (zesumme mat der Gabrielle Seil):

  • Jean-Pierre Gattégno: Eiskalter Blick, Roman, Goldmann Verlag, München, 1994.
  • Suzanne Bernard: Das Badehaus, Roman, Goldmann Verlag, München 1996.
  • Michel Folco: Wolfsjunge, Roman, btb im Goldmann Verlag, München 1996.
  • Emmanuel Carrère: Der Schnurrbart, Roman, Wagenbach Verlag, Berlin 1997.
  • Jean-Pierre Gattégno: Schnee auf den Gräbern, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 1999.
  • Tonino Benacquista: Die Absacker, Roman, Manhattan am Goldmann Verlag, München 2000.
  • Jean-Pierre Gattégno: Der vertauschte Mantel, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 2000.
  • Régine Detambel: Das Glasdach, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 2000.

Aus dem Englischen:

  • Desmond Egan: Irish Poems, Éditions Phi, Iechternach 1997.

Aus dem Lëtzebuergeschen (zesumme mam Roger Manderscheid):

  • Roger Manderscheid: Tschako klack, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997.
  • Roger Manderscheid: Der Papagei auf dem Kastanienbaum, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1998.

Wat soen d'Medien?[änneren | Quelltext änneren]

  • Zum Georges Hausemer sengem éischte Roman op Lëtzebuergesch Iwwer Waasser:

Iwwer Waasser ass den éischte Lëtzebuerger Roman, an deem ech bis elo "Lëtzebuerg" wierklech erëmkannt hun. An amplaz elo selwer a spéitréimesch Zeremonien ze verfalen, gënne mer eis léiwer eng ganz kleng Passage aus engem grousse Buch:
"Mam Geräisch vum Wand am Ouer, dee wäit vum Mier erof, vun Ostende iwwer d'Ardenne bléist, schléift de Lex an. A mat de Reendrëpsen, déi widdert d'Fënster schloen. Wéi Spéngelen. Spéngelskäpp. Widdert d'Glas. Honnertdausend Pickerten."
Wann's d'eppes kanns!

De Jean-Michel Treinen am Land vum 12. Juni 1998.
  • Zum Georges Hausemer sengem Der lächelnde Elefant in der Rushhour. Thailändische Szenerien:

Immer vertieft er seine Beobachtungen und Erfahrungen durch Rückgriffe auf historische, politische und kulturelle Hintergründe. Schließlich entspricht seiner neugierigen, sinnlichen, weltoffenen Mentalität eine klar informierende, kraftvolle, eigenwillige, leidenschaftlich die Umwelt erhellende Sprache; sie bleibt stets auf der Höhe ihres Gegenstandes. Als versierter Autor hat er den Reportagestil im Griff.

De Fritz Werf am Land vum 27. September 2002.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Hausemer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Georges Hausemer am Alter vun 61 Joer gestuerwen op RTL.lu de 14. August 2018