Georges Ravarani
Georges Ravarani | |
---|---|
Gebuer |
1. Mee 1954 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Riichter |
![]() |
De Georges Ravarani, gebuer den 1. Mee 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Magistrat.[1]
No senge Secondairesstudien (A classique) am Stater Kolléisch (1973) huet hien zu Grenobel Droit studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss (1977). 2011 huet hien op der Universitéit Lëtzebuerg en Doktorat am Droit gemaach.[1]
Vun 1978 bis 1980 huet hie säi Stage als Affekot gemaach.[1]
Vun 1981 bis 1992 war hie Riichter um Tribunal zu Lëtzebuerg an duerno vun 1992 bis 1996 Affekot.[1]
Tëschent 1997 an 2007 war hie President vum Tribunal zu Lëtzebuerg.[1]
2008 gouf hie President vun der Cour administrative zu Lëtzebuerg a Vize-President vun der Cour constitutionnelle zu Lëtzebuerg.[1]
Den 1. November 2015 gouf de Georges Ravarani den Nofollger vum Dean Spielmann als lëtzebuergesche Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg.[2],[3]
De Georges Ravarani, deen effektive Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal ass, gëtt och - als professeur invité - Coursen op der Uni Lëtzebuerg.
Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- La responsabilité civile des personnes privées et publiques; Pasicrisie luxembourgeoise (Imprimerie Centrale), 2014 (3. Éditioun); 1393 Säiten. ISBN 978-2-87978-140-2
Gielchen[änneren | Quelltext änneren]
- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2013)[4]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Curriculum vitae vum Georges Ravarani op rtl.lu
- ↑ EU-Geriichtshaff fir MënscherechterGeorges Ravarani geet op Stroossbuerg de 24. Juni 2015 op rtl.lu
- ↑ "PACE elects Georges Ravarani judge of the European Court of Human Rights in respect of Luxembourg." assembly.coe.int, 23/06/2015.
- ↑ Memorial B N°101 vum 25. Oktober 2013 mat enger Lëscht vu Leit déi 2013 mam Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen