Georges Schwartz
Ausgesinn
| Georges Schwartz | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Dezember 1889 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
4. Oktober 1962 Lëtzebuerg |
| Alter | 72 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Privatbeamten, Lokalpolitiker |
| Partei | Radikal-Liberal Partei |
|
| |
De Georges (och alt Georg) Schwartz, gebuer den 29. Dezember 1889[Quell?] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 4. Oktober 1962[1], war e lëtzebuergesche Privatbeamten a Lokalpolitiker (Radikal-Liberal Partei).[2]
Hie war Member vum Gemengerot vun der Gemeng Steesel. Vun ... bis zu sengem Doud, 1962, war hie Buergermeeschter vun där Gemeng. 1937 hat hien op der Zentrumslëscht vun der Radikal-Liberaler Partei bei de Chamberwale kandidéiert[2], gouf awer net gewielt.
Hie war och President vum FC Alisontia Steesel. 1963 gouf eng Coupe, d'Coupe Georges Schwartz, no him genannt.[3]
Och eng Strooss zu Steesel, gouf, fir un hien z'erënneren, no him genannt.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Avis de décès 9 Page 11. In: Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 277/278 (06.10.1962), p. 11 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- 1 2 Die Kandidaten der Radikal-liberalen Partei für die Kammerwahlen im Bezirk Zentrum. In: Luxemburger Zeitung, 70. Jg., nº Wahlnummer (04.06.1937), p. 1 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Coupe Georges Schwartz. In: Luxemburger Wort, 116. Jg., n° 222/223 (10.08.1963), p. 18 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ L-7307; Lokalisatioun op geoportail.lu.
