Georges Theves

Vu Wikipedia
Georges Theves
Gebuer 30. Dezember 1942
Gestuerwen 11. Februar 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Véidokter
Member vun Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal

De Georges Theves, gebuer den 30. Dezember 1942 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. Februar 2024[1] war e lëtzebuergesche Veterinär an Auteur.[2]

No der Candidature en sciences naturelles um Cours supérieur um Lampertsbierg (1962) huet de Georges Theves vun 1963 bis 1967 an der École vétérinaire vu Cureghem (Anderlecht, bei Bréissel)[3] studéiert.

De Véidokter[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Mäerz 1968 ass de Georges Theves zu Lëtzebuerg vum Jury vun der collation des grades “docteur en médecine vétérinaire” proklaméiert ginn. Am Abrëll 1968 huet hien eng Praxis fir kleng a grouss Déieren zu Stroossen opgemaach, déi hien am Abrëll 1972 op de Briddel verluecht huet.

Den 1. November 1978 ass hien “directeur adjoint” vum Stater Schluechthaus ginn. Wéi 1993 d'Kontroll vun de Liewensmëttel déi vun Déiere stamen, verstaatlecht gouf, koum hien, dee bis elo Gemengebeamte war, als vétérinaire-fonctionnaire de l'État bei de Staat, wou hien als Fleeschinspekter fir d'Schluechthaus vun der Stad Lëtzebuerg zoustänneg gouf. Wéi d'Stater Schluechthaus am August 1997 zougemaach gouf, gouf hie vum 11. September 1997 u mat der Inspektioun vu fënnef grousse Betriber aus dem agro-alimentaire Secteur chargéiert, an dat bis den 1. Abrëll 2003, wéi hie pensionéiert gouf.

De Georges Theves gouf 1980 Member vum Verwaltungsrot vun der Société des sciences médicales; vun 1991 bis 1999 war hie Vizepresident dovun. Hie war vun 2001 bis 2011 Redakter vum Bulletin de la Société des sciences médicales. Hie war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal: membre correspondant (1997), membre effectif (1999).[4]

De Spezialist vun der Geschicht vun der Déieremedezin[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Theves, dee sech selwer nëmmen als Amateurhistoriker gesinn huet, war Member vum Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine vum Centre universitaire (1994-2002).

Um internationale Plang, war hie vun 1992 bis 2009 Member vun der World Association for the History of Veterinary Medicine a vun 1998 bis 2008 Redakter vum Périodique Historia Medicinae Veterinariae.

Den 18. Abrëll 2002 ass de Georges Theves vum George-Sarton-Kommitee vun der Universitéit vu Gent fir seng Kontributiounen iwwer d'Geschicht vun der Veterinärmedizin mat der “Sarton-Medail” ausgezeechent ginn.[5]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Georges Theves seng Eltere waren den Zänndokter Aloyse Theves (1917-1957) an d'Apdiktesch Alice Donven (1916-1973). Seng Fra war d'Renée Lutgen (1943-2008); si haten sech den 23. September 1966 bestuet a kruten dräi Kanner.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Theves ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu Publikatiounen, déi sech mat der Geschicht vun der Veterinärmedezin, vum Akerbau an den Hausdéieren, awer och vun der Humanmedezin beschäftegen. Si sinn zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an der Belsch, a Frankräich an an Holland publizéiert ginn. Säin Haaptwierk ass säi Buch Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990.[6]

  • Theves, G., 2006. Les vétérinaires, notables des villes et des campagnes: quelques étapes de leur ascension sociale de la 2e moitié du XVIIIe au début du XXe siècle. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 2006 (3), S. 407-430.
  • Theves, G., 2005. Mal de brout... droits d'usage... productivité agricole: aspects de l'agriculture luxembourgeoise au XIXe siècle à la lumière de l'évocation d'une maladie animale. Hémecht, 57(2), S. 165-183.
  • Theves, G., 2003. Les animaux utilisés en médecine et en chirurgie, jadis et aujourd'hui. In: A. Neuberg (éd.), Guérisseurs d'hier et d'aujourd'hui. Bastogne, Musée en Piconrue, S. 217-227.
  • Theves, G., 2002. Tiere als Heilmittel, früher und heute. In: Veterinary Medicine. Historical Approaches (Festschrift in honour of Prof. Dr. Ferruh Dinçer, Ankara) Ankara, 2002, S. 107-129. (idem in: Historia Medicinae Veterinariae 2002, 27, S. 1-4, 107-129).
  • Theves, G., 2002. Dieren als Geneesmiddel. Gisteren en Vandaag (Sarton Medail Lezing, Gent, 18.4.02). In: Vlaams diergeneeskundig Tijdschrift, 2002, 71, S. 85-99.
  • Theves, G., 2002. Die Frau in der Medizin. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, N° 2/2002, S. 193-199.
  • Theves, G., 2000. L'inspection des viandes au cours de la 2e moitié du XIXe siècle, reflet du progrès des sciences appliquées. Annales de Médecine vétérinaire, 145(2), S. 103-116. PDF
  • Theves, G., 2000. Tiere als Heilmittel: früher und heute. Archives de l'Institut grand-ducal, Section des sciences nat. phys. math., NS 43, S. 141-159.
  • Theves, G. & J. A. Massard, 1999. Die Ackerbauschule in Echternach 1856-1868. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999: 63-110. PDF
  • Theves, G., 1997. Die Pockenimpfung: eine historische Skizze. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 1997(1): 31-51.
  • Theves, G., 1996. Zur Geschichte der Luxemburger Zugpferde. In: 75 Joër Ardennerzuucht. 25 Joër F.S.L. - Fédération des Stud-Books Luxembourgeois, Luxembourg, S. 19-112.
  • Theves, G., 1996. Le charbon: une maladie des animaux et de l'Homme qui se cache dans la terre. In: J.A. Massard (ed): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Numéro spécial du Courrier de l'Education nationale, Luxembourg, S. 19-40.
  • Theves, G., 1994. Le cheval de trait au Luxembourg. Hémecht, 46 (3), S. 655-685.
  • Theves, G., 1993. La morve au Luxembourg et ailleurs du XVIIIe à la fin du XIXe siècle ou le cheminement ardu des idées sur une maladie animale et humaine. Annales de Médecine vétérinaire, 137, S. 469-481.
  • Theves, G., 1992. La médecine vétérinaire dans l'histoire du Luxembourg. In: Bicentenaire de la médecine vétérinaire au Luxembourg. La médecine vétérinaire au Grand-Duché de Luxembourg: passé, présent et avenir. Luxembourg, Impr. J. Beffort, S. 123-166.
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.
  • Theves, G., 1991. Une page d'histoire médicale du Grand-Duché de Luxembourg. Vaccinations antivarioliques et Institut Vaccinal à Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 1991 (2): 61-70.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.
  • De Backer, Patrick, 2002: Laudatio Georges Theves. Sartoniana, vol. 15, p. 281-284. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2024-02-24, S. 57 (Avis mortuaires).
  2. Den Artikel baséiert haaptsächlech op Theves (1991), Le Luxembourg et ses vétérinaires, S. 274, (cf. Literatur) an op Donnéeën, déi de G. Theves selwer geliwwert huet.
  3. Dës Schoul huet hir Onofhängegkeet verluer wéi se 1969 als Fakultéit un d'Universitéit vu Léck ugegliddert ginn ass. Am Laf vum Summer 1991 huet si hire fréiere Site verlooss an ass op d'Kopp vum Sart-Tilman bei Léck geplënnert, wou vun do un d'Course stattfonnt hunn (cf. L'ancienne École vétérinaire de Cureghem). [1]
  4. Procès verbal de la réunion du 20 février 1997. Archives de la Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, N.S. 42 (1995-1998), Luxembourg 1998, p. 145. — Rapport de la réunion plénière ordinaire [du 16 mars 1999]. Archives de la Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, N.S. 43, Luxembourg 2000, p. 261.
  5. World Association for the History of Veterinary Medicine. [2]
    Kuckt och: Sarton Chair of History of Science: past medallists, 2001-2002. [3]
    Kuckt och: De Backer 2002.
  6. Liste des publications de Georges Theves (Luxembourg). Accessed: 2011-11-25. PDF