Op den Inhalt sprangen

Georges d'Arnould

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges d'Arnould
Gebuer 1780er
Nei-Habech
Gestuerwen 14. Dezember 1841
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Barong Pierre-Georges d'Arnould et de Soleuvre, gebuer ëm 1790[1] zu Nei-Habech[2], a gestuerwen de 14. Dezember 1841 an der Stad Lëtzebuerg, war en Adelegen, deen 1836 d'Buerg vu Buerglënster, déi 1722 duerch Bestietnes an de Besëtz vu senger Famill komm war, zesumme mam Land dat derzou gehéiert huet, der Famill Deitz-Didenhofen verkaaft huet, a sou de leschten adelege Besëtzer vun der Buerg war.[3]

Hie war vun 1816 bis 1818 Member vun de Provënzialstänn (États provinciaux). Hie war Jonggesell, an ass 1841 a sengem Haus op der Plëss d'Arem ("Schengenhaus") an der Stad gestuerwen.

Fir un hien z'erënneren, gouf An der Buerg d'Rue Baron Georges d’Arnould no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Um Stierfakt ass den Alter schlecht z'entzifferen: vier und fünfzig oder ein(s) und fünfzig, wat entweeder 1787 oder 1790 gëtt
  2. (de) CT-03-02-0908 Décès, 1840-1843 (Registre) - Acte de décès 402. CT-03-02-0908 Décès, 1840-1843 (Registre) S. 103. Archives nationales - Ville de Luxembourg (15.12.1841). Gekuckt den 11.10.2025.
  3. "Branche des barons d'Arnould et de Soleuvre." In: Ons Hémecht. Festschrift zur Feier des 30jährigen Bestehens des Vereins (1894-1924), p. 166 (digitised by the National library of Luxembourg).
  4. Lokalisatioun. geoportail.lu.