Geostationär Transferbunn

Vu Wikipedia
Geostationär TransferbUNn
(1) Äerd
(2) GTO
(3) GEO

Eng geostationär Transferbunn (oder Geotransferorbit; Ofk. GTO vum engl. Geostationary Transfer Orbit) ass eng Äerdëmlafbunn, op där Satellitte ausgesat ginn, fir dono definitiv op enger geostationärer Ëmlafbunn (GEO) positionéiert ze ginn. Virun deem Bunnmanöver gëtt eng genee Bunnbestëmmung gemaach.

De GTO huet d'Form vun enger laanggestreckter Ellips; ee vun hire Brennpunkten ass den Äerdmëttelpunkt. De wäitste Punkt vun der Äerd – den Apogeum – läit meeschtens an der Géigend vum geostationären Orbit a 35 786 km Héicht iwwer dem Equator. D'Bunnvitess ass do awer nach ze kleng fir déi gewënscht Kreesbunn an d'Inklinatioun ass meeschtens ze grouss.

Normalerweis setzt eng Rakéit de Satellit um (oder an der Géigend vum) äerdnooste Punkt, dem Perigeum, vun der Ellipsebunn aus. D'Ëmlafzäit op engem typesche GTO (250 × 36.000 km) mécht zirka 10,5 Stonnen aus[1], sou datt d'Héicht vun der geostationärer Ëmlafbunn vir d'éischt no ronn 5 Stonne passéiert gëtt.[2]

Besonnesch Methode fir verschiddenen Drorakéiten[änneren | Quelltext änneren]

En ettlech Drorakéiten fléie fir d'éischt eng niddreg Parkbunn un a starte vun do meeschtens an en Hohmann-Transfer, deem säin ellipteschen Deel déi geostationär Transferbunn ass.

Verschidden Drorakéiten, wéi d'Ariane, bréngen d'Satellitten awer direkt op déi geostationär Transferbunn, wouzou vun enger equatornoer Standplaz aus, wéi Kourou, och eng vu knapps 9,8 km/s néideg ass.

Drorakéiten, déi op engem ganz héije Breetegrad starten, z. B. déi russesch Proton, steieren e GTO+ ("plus") oder och supersynchronen Transferorbit mat engem ganz héijen Apogeum un. Wéinst hirer klenger Bunnvitess kënne si déi héich Inklinatioun mat manner Energieopwand ofbauen (bi-ellipteschen Transfer). Dofir kritt de Fluchkierper beim Passéiere vum der Equatorplang eng queesch Accelleratioun op sengem Bunnplang, déi deem seng Schréi op Null deviéiert.

Dreifwierker fir de Wiesssel an d'geostationär Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Wiessel vum elliptesche GTO an de kreesfërmege GEO ass eng vu knapps 1,5 km/s am Apogeum vum GTO néideg. Verschidden Drorakéite leeschten dat mat hirer Uewerstuf. Dobäi bleift déi allerdéngs an der Géigend vum GEO zeréck. respektiv muss s'op engem Kierfechtorbit "entsuergt" ginn.

Satellitten, déi de Wiessel mat engem Feststoffdreifwierk als Apogeumsmotor maachen, bleiwen dacks mat deem verbonnen. D'Zündung ka schonn no engem hallwen Äerdëmlaf geschéien, oder och no en ettlech Äerdëmleef am GTO, fir z. B. de Satellit technesch z'iwwerpréiwen.

E Flëssegdreifstoff-Apogeumsmotor kann ee méi dacks zünde fir de Perigeum schrëttweis unzehiewen. Dat huet dee Virdeel, datt d'Strukturmass vum Dreifwierk zu Gonschte vun der Notzlaascht reduzéiert ka ginn. Eng Opdeelung vun der Undriffsleeschtung op d'Uewerstuf an d'Apogeumsdreifwierk wier technesch méiglech, gëtt awer net gemaach.

Ionendreifwierker, deenen hir Undriffsleeschtung vu Solarmodule geliwwert gëtt, eegene sech fir déi ëmmer nees néideg Bunnkorrekture wärend der Liewensdauer vum Satellit. Fir dëst Dreifwierk och fir d'Unhiewung vum Perigeum asetzen ze kënnen, benotzt een och do e bi-ellipteschen Transfer iwwer ee mat cheemeschem Undriff erreechte GTO+.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Bernd Leitenberger: Bahnen und Orbits von Satelliten, Gekuckt den: 28. August 2012 (berechent mam Rechner op der Säit)
  2. B. Stanek: Raumfahrtlexikon, Hallwag Verlag, Bern (1983), S. 304–305, ISBN 3-444-10288-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]