Gerald Neugebauer

Vu Wikipedia
Gerald Neugebauer
Gebuer 3. September 1932
Göttingen
Gestuerwen 26. September 2014
Tucson
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Cornell University
Aktivitéit Physiker, Astronom
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society

De Gerald „Gerry“ Neugebauer, gebuer den 3. September 1932 zu Göttingen a gestuerwen den 3. September 2014 zu Tucson (Arizona) ass en US-amerikaneschen Astronom vun éisträichesch-däitscher Ofstamung.

De Gerry Neugebauer ass de Jong vum Astronom a Mathematiker Otto Neugebauer. Hien hat op der Cornell University studéiert a krut den Doktergrad 1960 am California Institute of Technology (Caltech). Wärend sengem Militärdengscht bis 1962 war hien am Jet Propulsion Laboratory stationéiert. Seng wëssenschaftlech Lafbunn hat hien um Caltech gemaach, wou hien zanter 1962 Assistent Professer a vun 1970 bis zu senger Emeritéierung 1998 Full Professor war. Hien huet de Palomar-Observatoire vun 1980 bis 1994 geleet.

Den Neugebauer gehéiert zu de Pionéier vun der Infraroutastronomie. Zesumme mam Robert B. Leighton hat hien eng vun den éischten Himmelsduerchmusterungen am Infraroutliicht, den Two Micron Sky Survey duerchgefouert. Iwwer 5.500 Infraroutquelle goufen dobäi entdeckt. No him an nom Eric Becklin ass de Becklin-Neugebauer-Objet, ee vum Stëbs agewéckelte jonke Stär am Orionniwwel, genannt. Den Neugebauer war leedende Wëssenschaftler vum Infrared Astronomical Satellite.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]