Geraldine Branagan

Vu Wikipedia
Geraldine Branagan
Gebuer 1954
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Sänger

D'Geraldine Branagan oder kuerz Geraldine ass eng iresch Sängerin.

Zesumme mat hirer Band war se an der irescher Showbandszeen aktiv. Ënner dem Numm Geraldine & the Branagans hu se bei der irescher Virentscheedung fir den Eurovision Song Contest 1973 matgemaach. Mat dem Lidd Long, Long Ago koume se do op déi véiert Plaz.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1975 zu Stockholm mam Lidd "Toi" vertrueden, gesongen of franséisch. Si koum op déi 5. Plaz mat 84 Punkten.[1]

D'Geraldine Branagan huet den iresche Lidderschreiwer Phil Coulter bestuet, deen och Coauteur vum Lidd Toi ass an deen och d'Lidd Puppet on a String (Grand Prix Eurovision 1967) a Congratulations (Grand Prix Eurovision 1968) geschriwwen huet.

Am Mäerz 1979 huet si an der "Benny Hill Show" d'Lidd "Casablanca" interpretéiert.

Am Joer 1981 koum en Album vun hir eraus, bei deem hire Mann Phil Coulter als Komponist matgeschafft huet.

1982 huet si mam Gittarist Tony Cox eng Tournee duerch Südafrika gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurovision Song Contest 1975