Gerd Ruge

Vu Wikipedia
Gerd Ruge
Gebuer 9. August 1928
Hamburg
Gestuerwen 15. Oktober 2021
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Journalist, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
Member vun PEN-Zentrum Deutschland, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Gerd Ruge, gebuer den 9. August 1928 zu Hamburg a gestuerwen de 15. Oktober 2021 zu München[1], war en däitsche Journalist.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet vun 1949 bis 1993 fir déi däitsch Tëlee geschafft, fir déi e Korrespondent ë. a. zu Moskau (1956 bis 1959) an an de Vereenegte Staate war (1964 bis 1969). Hie war och an den 1970er Joren Direkter vum ARD-Büro zu Bonn an 1987 bis 1993 nees vun deem zu Moskau.

Ausserdeem war hien ë. a. vun 1973 bis 1976 Korrespondent fir d'Dageszeitung Die Welt zu Peking, hat och administrativ Funktioune bei der ARD an huet Emissioune wéi Monitor oder Weltspiegel moderéiert, an op 3Sat eng Talkshow geleet.

No senger Pensioun huet de Ruge vun 1997 bis 2001 op der Hochschule für Fernsehen und Film München Coursen iwwer Fernseejournalismus gehalen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pasternak. Eine Bildbiographie. Kindler Verlag, München 1958.
  • Begegnung mit China. Eine Weltmacht im Aufbruch. Econ Verlag, Düsseldorf/Wien 1978, ISBN 3-430-17837-1
  • Michail Gorbatschow. Biographie, S. Fischer Verlag, Frankfurt am Main 1990, ISBN 3-10-068506-7
  • Weites Land. Russische Erfahrungen. Russische Perspektiven. Erfahrungsberichte, Berlin Verlag, Berlin 1996, ISBN 3-426-60750-6
  • Sibirisches Tagebuch. Reisebericht, Berlin Verlag, Berlin 1998, ISBN 3-8270-0300-8
  • Die Deutschen und ihre Nachbarn: Russland. C. H. Beck Verlag, München 2008, ISBN 978-3-406-57850-2
  • Unterwegs. Politische Erinnerungen. Hanser Verlag, Berlin 2013.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gerd Ruge – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Reporter-Legende Gerd Ruge ist tot", wdr.de, 16.10.2021