Geschicht vum Lëtzebuerger Finanzsecteur

Vu Wikipedia

De Lëtzebuerger Finanzsecteur huet sech net linear entwéckelt, mä éischter a Wellen an ofhängeg vum ekonomeschen Ëmfeld.

An dësem Arktikel gëtt d'Evolutioun vun der Banken- an Assuranceplaz Lëtzebuerg am historeschen an aktuelle Kontext beschriwwen. Et gëtt beschriwwen, wéi d'Finanzplaz Lëtzebuerg a relativ kuerzer Zäit zu enger wichteger internationaler Gréisst gouf.

Wichteg Etappen heira sinn:

  • déi éischt Banke sinn zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen. Et muss een hei den Hannergrond vun der Situatioun kucken. Lëtzebuerg war Member vum Däitschen Zollveräin, an d'Stolindustrie huet ugefaangen, virun allem mat däitschem Kapital z'entstoen. Et sinn entstanen: d'staatlech Spuerkeess an déi privat Interbank.
  • d'Memberschaft vu Lëtzebuerg am Zollveräi war nom Éischte Weltkrich eriwwer a Lëtzebuerg huet sech eng aner Partnerschaft misse sichen. Nodeem datt d'Fransouse keng ekonomesch Unioun mat Lëtzebuerg wollten, huet Lëtzebuerg mat der Belsch 1921 d'"Union Economique Belgo-Luxembourgeoise" gegrënnt. Vun deem Moment datéiert och d'belsch-lëtzebuergesch Wärungsunioun (de belsch-lëtzebuergesche Frang). D'Finanzgeschäfter zu Lëtzebuerg hu sech vun do un éischter Richtung Belsch, awer och Frankräich orientéiert. Dat bis virum Éischte Weltkrich virherrschend däitscht Kapital an der Lëtzebuerger Siderurgiee war nom Éischte Weltkrich net méi do.
  • d'Gesetz vun den Holdinge vun 1929, dat déi Gesellschaften, déi zu Lëtzebuerg nëmme fir d'Verwaltung vu Bedeelegunge gegrënnt ginn, vun der nationaler Gesellschafts- a Verméigenssteier fräistellt.
  • d'Schafe vun der Bourse zu Lëtzebuerg am Joer 1929 (ausgerechent am Joer vum grousse Crash op der New Yorker Bourse mat der Ausléisung vun der Weltwirtschaftskris).
  • déi belsch a franséisch Banken zu Lëtzebuerg (privat Placementer)
  • déi US-amerikanesch, däitsch a skandinavesch Banken zu Lëtzebuerg am Zesummenhank mam Eurodollarmaart
  • déi däitsch Banken déi sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, well se beim Vergi vu Kreditter zu Lëtzebuerg net hu missen déi däitsch Mindestreserven anhalen.
  • Grënnung vun der CEDEL oder Clearstream ("Centren de Livraison de Valeurs Mobilières", enger Livraisounsgesellschaft vu Wäertpabeieren déi vollautomatesch a fir déi éischt Kéier computerënnerstëtzt funktionéiert) am Joer 1970
  • d'Gesetz vun 1981 dat d'Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg ënnersträicht an domat de Klima fir de Private Banking schaaft.
  • de Private Banking (begënschtegt duerch sou Faite wéi déi däitsch Quellesteier am Joer 1992......)
  • de Fondsmaart begënschtegt duerch déi zäiteg Ëmsetzung vun den EG-Richtlinn vum Wäertpabeiergeschäft 1985(???)
  • d'Gesetz vun 1999 fir d'Promotioun vun internationale Pensiounsfongen
  • d'Assurancen
  • de Beschloss vun der Quellesteier bannent der EU (a gläichzeiteg Ophiewe vum Bankgeheimnis an aneren EU-Länner) an hiren Afloss op d'Lëtzebuerger Finanzplaz. Lëtzebuerg huet sech (nieft Éisträich an der Belsch) bei dësem Accord vun 2005 d'Bankgeheimnis bannent der EU erhalen. All déi aner Natioune bannent der EU iwwermëttele vun do un d'Informatioune vu Konten un d'jeeweilegt Residentsland.
  • de Beschloss vun der "Abgeltungssteuer" oder Quellesteier fir Lëtzebuerger Residente mat gläichzäiteger Ofschafung vun der Verméigenssteier.

Dëst weist och dorophin, datt de Lëtzebuerger Finanzsecteur kee Finanzsecteur ass, dee permanent all Branche vum Bankgeschäft ofdeckt, mä sech op Nische spezialiséiert.

Eng vun de ganz wichtege Charakteristike vum Lëtzebuerger Finanzsecteur ass, datt en en Exportundeel vun 80% huet an domat am Géigesaz zu anere Finanzplazen (London, Frankfurt, Paräis, etc.), déi e groussen nationalen Undel hunn, extreem ofhängeg ass vum Ausland.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]