Geschicht vun der Astronomie

Vu Wikipedia

Fréigeschicht vun der Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Kulturvëlker haten zwéi Beweggrënn fir de Stärenhimmel z'observéieren a sech astronomescht Wëssen unzeeegnen; e reliéisen an e praktesche Grond. De reliéise Grond war Veréierung vu Sonn a Mound a Verbindung mat der Stärendeitung (Astrologie). D'praktesch Grënn waren d'Zäitrechnung an de Kalenner. Op dës Grënn hin huet sech zu Babylon an an Egypten, an Indien, China an a Mëttelamerika eng Astronomie entwéckelt, déi onmëttelbar als eng Virstuf zur wëssenschaftlecher Astronomie kann ugesi ginn. D'Entwécklung huet et net iwwerall zu deene selwechten Héichte bruecht.

D'Babylonier hunn am Altertum den héchste Stand an der Astronomie erreecht. Déi griichesch Astronomie ass staark vun de Babylonier beaflosst ginn a steet domat am Ufank vun enger moderner europäescher Wëssenschaftsentwécklung. Allerdéngs ass och eng Laascht vun der babylonescher Ierfschaft matkomm, nämlech d'Astrologie an der Form vu perséinleche Schicksalsdeitunge mat Hëllef vun engem Horoskop.