Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

An dësem Artikel geet et ëm d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Wou kënnt d'Lëtzebuerger Sprooch hier ?[änneren | Quelltext änneren]

Mir kennen de Lëtzebuerger hire Walsproch Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn, an de Satiriker oder den Historiker freet Iech mat engem Schmonzelen am Gesiicht: Jo sécher, mä wat si mer dann ? Ongeféier sou kéinte mer och soen Mir schwätze Lëtzebuergesch, an de frieme Sproochwëssenschaftler oder den einfachen Tourist oder Immigrant kéint Iech zréckfroen, An der Rei, ma wat ass dat da fir eng Sprooch.

Hei gëtt versicht, op déi Fro eng kuerz an einfach Äntwert ze ginn, och wann et eng laang a komplex Geschicht ass. Well ech kee Linguist sinn, hutt Der d'Chance, datt ech Iech net mat komplizéierte Begrëffer bombardéieren, an ech hoffen, datt keen herno seet, En huet gutt geschwat, mä wat huet en dann eigentlech gesot ?

Déi Fro, déi deene Meeschten e Liewe laang um Häerz an och um Mo läit, ass déi, ob d'Lëtzebuergescht wierklech eng Sprooch ass oder nëmmen en däitschen Dialekt, well dat héiert ee jo dacks genuch. Un zwee zäitversate Beispiller well ech beweisen, datt d'Äntwert net liicht ass: Déi sougenannt Siwebierger Sachsen, déi am 12. Joerhonnert aus eise Géigende fort an a Rumänien – an Transsylvanien – ausgewandert sinn, schwätzen haut nach zu e puer dausend eng Sprooch, déi een - no 900 Joer - kéint fir en Éisleker Dialekt halen.

Un der Thes vum däitschen Dialekt oder Platt ass natierlech eppes drun. D'Wuerzele vun eiser Sprooch reeche wäit zréck bis an d'Zäit ëm 600 no Christus an an d'Gebitt vun de Franken; méi prezis (besonnesch am Éislek) vun de Ripuarier, engem rhein-fränkesche Stamm; a soss am Land bei déi westfränkesch Salier, déi am Laf vun hirer Vëlkerwanderung den Tour iwwer de Paräisser Raum gemaach an an hirer fränkescher Sprooch e Koup vu gallo-romaneschen Aflëss erlieft hunn.

Datt dëst awer nëmmen eng vun eise Wuerzelen ass, kann ee liicht beweisen: Mir louchen a leien no bei Frankräich a bei der Wallonie, d'Grofe vu Lëtzebuerg waren op de romanesche Kulturraum ausgeriicht, dat aalt Herzogtum hat däitsch- awer och wallounesch Deeler, a schonn am 12. Joerhonnert, spéitstens awer mam Ufank vun der Friemherrschaft, also am 15. Joerhonnert ënner de Burgunder, gouf de romaneschen Afloss systematesch. Ënner der zweemoleger Herrschaft vun de Fransousen, vun 1684-1698 an duerno bei der Franséischer Revolutioun an ënner dem Napoleon, 1795-1814, koumen net nëmme vill franséisch Wierder an eis Sprooch, mä d'Franséischt gouf direkt eis Amtssprooch, denke mer nëmmen un de Code Napoléon, deen zum Deel haut nach gëllt.

Datt eis westmuselfränkesch Sprooch ganz allgemeng duerch déi 400-järeg Friemherrschaft vun de Burgunder, de spueneschen Habsburger, de franséische Kinneken, den éisträicheschen Habsburger, an um Enn, schonn an der sougenannter Entloossung an d'Onofhängketkeet 1815 an 1839, och nach vun den Hollänner an de Preise beaflosst a geformt gouf, steet fest. Dat léisst ee begräifen, datt hei am Laf vun de Joerhonnerten eng eegestänneg Sprooch entstanen ass, déi mat engem renge fränkeschen Dialekt net méi vill ze doen huet. Eréischt 1867, bei der Schleefe vun der Festung, sinn déi lescht Friem – d'Preisen, wéi mer haut nach ouni Nuance fir all Däitsche soen - iwwer Musel, Sauer an Our heemgezunn. A wann der haut engem vun Tréier sot: Hatt hat säi Portmonni nees um Büffet trëlle gelooss, oder Mäin Nëwwi huet um Pallier eng rar Kollektioun vu Pottschampe stoen, da versteet dee vun Tréier kee Wuert.

Vum Gebrauchs-Lëtzebuergesch bis zur Schrëft- a Literatursprooch[änneren | Quelltext änneren]

Vergiesse mer eppes net: Lëtzebuerg war bis 1839 kee Staat an nach manner eng Natioun mat engem Nationalitéitsgefill. Dat Gefill ass eréischt lues a lues gewuess. D'Sprooch vun de Lëtzebuerger – e westfränkeschen Taartebuedem also, mat allméigleche galloromanesche bis franséische Garnituren - war eng Sprooch fir den Alldag; fir ze schwätzen, net fir ze schreiwen a scho guer net, fir Literatur ze produzéieren. Déi Räich an déi Déck hunn ënner sech franséisch an däitsch geschwat, d'Lëtzebuergescht war d'Sprooch iwwer Land, d'Sprooch vun de klengen, ongebiltene Leit, ni geschriwwen, ni festgehalen, well gewuess vu Géigend zu Géigend, vun Duerf zu Duerf, an dat erkläert och – net ganz, mä zum gudden Deel – firwat mer haut nach op knapps 90 x 70 km eng Onmass vu verschidde regionalen a lokalen Ënnermondaarten hunn. Déi Ettelbrécker schwätzen anescht wéi déi Dikrecher, Housener ass net Maarnecher, an um Wormer Berreg schwätze s'anescht wéi ënnen am Duerf. Et war keng Rechtschreiwung a keng Literatur do, déi d'Sprooch festgehalen, gebonnen, kanaliséiert hätt.

D'Schrëft-Lëtzebuergesch daucht ongeféier op, wéi d'Land onofhängeg gouf, respektiv kuerz virdrun. En éischt an eenzegt Dokument vu lëtzebuergescher Literatur, wann ee sou wëllt, staamt allerdéngs schonn aus dem 13. Joerhonnert. Et ass d'Yolanda-Lied, d'Beschreiwung a ronn 6.000 Verse vum Liewe vun der Veianer Grofenduechter Yolanda, déi géint de Wëlle vun hiren Elteren, géint all Intrigen an hochzäitspolitesch Spekulatiounen an d'Klouschter Mariendall goung; en Epos, dat de Brudder Hermann vu Veldenz 1231-1283 - op muselfränkesch - niddergeschriwwen huet – an eiser Ursprooch, an enger Sprooch, déi mat där vun de leschte Joerhonnerten an där vun haut sou gutt wéi näischt méi ze doen huet.

D'Schrëft-Lëtzebuergesch aus de leschten zwee Joerhonnerten hu mer net de Sproochgeléierten a Linguisten, mä de Literaten ze verdanken; de klengen a manner klenge Schreiwer a Schrëftsteller, déi sech erkéngt hunn, Literatur ze produzéieren. Ech schécken nach eng Kéier viraus, datt vun enger Orthographie nach keng Ried goung; a wat fir enger Sprooch wier déi och festgehale ginn, bei alle deenen Ënnerdialekter?

Gemenkerhand gëtt gesot, eis Literatur wier 1839 mat der Onofhängegkeet vum Land gebuer; dat stëmmt nëmmen zum Deel. De Gréivemacher Spillmann Mathias Schou, méi bekannt ënner dem Numm De blannen Theis, dee vun 1747 - 1824 gelieft huet, hannerléisst eis well eng Partie Liddercher, déi hien zum Deel opgeschriwwen an zum Deel och selwer verfaasst huet; Hopp Marjänn, Zu Arel op der Knippchen, Et leeft eng Geess iwwer d'Hesprenger Bréck, fir nëmmen déi ze nennen. Vun engem Jacob Diedenhoven, dee vun 1809 - 1868 gelieft huet, kenne mer dat zimlech frivolt Gedicht De Bittgank no Conter, an 1829, also nach ëmmer 10 Joer virun der Onofhängegkeet, publizéiert den Antoine Meyer, dee vun 18011847 gelieft huet, e Gedichtband op Lëtzebuergesch E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus.

Richteg awer ass, datt mat der Onofhängegkeet och d'Nationalitéitsgefill, d'Zesummegehéiregkeetsgefill koum. Den neie Staat war nach keng Natioun, en ass et awer, net zulescht duerch eis dräi Nationaldichter wéi Dicks, Lentz a Rodange ginn. Dobäi sinn déi dräi beileiwen net an een Dëppen ze geheien.

De Michel Lentz[änneren | Quelltext änneren]

Deen eelsten ass de Michel Lentz, dee vun 1820 bis 1893 gelieft huet. En ass am haitegen Hotel Schintgen an der Ënneschtgaass gebuer an ass och do, als pensionéierte Staatsbeamte vun der Chambre des comptes, gestuerwen. Eigentlech huet hien nëmme Gedichter geschriwwen, vun deenen der awer vill vertount goufen an zum Deel haut nach gesonge ginn: D'Margréitchen, Wéi meng Mamm nach huet gesponnen, Iwwer mir net ee Stierchen, Vu mengem Dueref goung ech hier, besonnesch awer de Feierwon, eis éischt inoffiziell Nationalhymn an natierlech och eis Heemecht, wou d'Uelzecht duerech d'Wisen zitt, e Lidd, vun deem haut déi 1. an déi 4. Strof eis offiziell Nationalhymn duerstellen.

Den Dicks[änneren | Quelltext änneren]

Den Edmond de la Fontaine, dee mer besser als Dicks kennen, ass 1823, also dräi Joer méi spéit gebuer ass 1891, an zwee Joer virum Michel Lentz, gestuerwen. Dem Friddensriichter vu Beruff verdanke mer eng Partie Gedichter, dorënner De Wëllefchen an de Fisschen, mä virun allem de Lëtzebuerger Theater. Säi Stéck De Scholdschäin ass dat éischt Stéck a Lëtzebuerger Sprooch a gëtt haut nach, meeschtens zesumme mat der Mumm Séis, dem Dicks säi bekanntste Stéck, opgefouert. E puer aner Stéker vun him sinn Op der Juegd, D'Kiermesgäscht an De Ramplassang, alles Kaméidestécker mat Gesank, eis éischt sougenannt Operetten.

Dicks a Lentz, hu sech gutt kannt a waren och zesummen am Comité vum Turnveräin Gym. D'Gym huet d'Stécker vum Dicks gespillt, an heisndo huet de Lentz souguer Regie gefouert. Et stëmmt also net, datt déi zwéin sech net leide konnten, och wa se mol iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch Kaméidi mateneen haten. D'Sprooch huet se wierklech ënnerscheet: den Dicks wousst als Friddensriichter wéi de Lëtzebuerger d'Maul gewuess wier, mä de Lentz huet gemengt, e misst wéi e Grandseigneur a Superpatriot schreiwen. Dat huet den Dicks him am Gedicht De Volleksdichter virgehäit, wou en dra seet Kuck, wou s de stees a wou s de bass, den Zolverknapp ass kee Parnass.

De Michel Rodange[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Rodange ass 1827 gebuer; siwe Joer nom Lentz a véier Joer nom Dicks. Gestuerwen ass e schonn 1876 am Alter vun nëmmen 49 Joer; 17 Joer virum Lentz a 15 Joer virum Dicks. Firwat dës genee Zuelen? Dicks a Lentz krute schonn 1903, d. h. 12, resp. 10 Joer no hirem Doud e gemeinsamt Monument op der Plëssdaarm opgeriicht, mä et huet nom Doud vum Rodange 52 Joer, also méi wéi en halleft Joerhonnert gedauert, bis se him dee klenge Fiisschen um Knuedler vergonnt hunn. Nëmmen dräi Wierker vun him siefe genannt: D'Theaterstéck Dem Grof Siegfried seng Goldkummer, dat laangt Gedicht Dem Léiweckerchen säi Lidd, mä dann natierlech säi Liewenswierk, den Renert. Déi zwéi biergerlech Dichter Lentz an Dicks hu wuel vum Rodange gewosst, mä se hu kee Kontakt mat him gesicht, se hunn en noweislech ni ernimmt, se hu souguer säin Doud doutgeschwigen. Haut wësse mer – och wann dat de Rodange näischt méi dénge kann – datt de Rodange héich iwwer deenen anere béide steet, mä zu Liefzäite vun deenen dräi haten d'Leit léiwer de liichte Kascht vum Dicks, déi patriotesch Gefiller vum Lentz, as wéi dem kranke Rodange seng sozialkritesch Téin vis-à-vis vun der Politik an dem allgemenge Misär vun de klenge Leit, déi vun Honger zu Dausenden an Amerika ausgewandert sinn. Wéi hat de Lentz iwwer d'Land geschriwwen: Wéi wunnt et sech sou heemleg dran, wéi ass 't sou gutt doheem. Ma jëmmen!

Déi éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Et sief. Dës Dräi hunn déi jonk Lëtzebuerger Literatur sou geprägt, datt an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert net vill Neies oder Besseres nokoum. E puer Leit muss een awer nennen: De Fabréckshär an Theaterschreiwer André Duchscher, deen exklusiv an der Iechternacher Ënnermondaart geschriwwen huet, de Batty Weber, deen nieft aneren Theaterstécker besonnesch eis éischt grouss Tragedie De Schéifer vun Aasselburn verfaasst huet, de Steeseler Willy Goergen, dee méi fir seng Kannergedichter bekannt ass, an deem säi Jong, de Max Goergen, dee fir e gudde Vollekstheater gesuergt huet; Stécker, déi virum 2. Weltkrich an och nach duerno regelméisseg gespillt goufen; sou D'Meedche vu Gëtzen oder D'Schmattslisy. Dëst ass awer och d'Zäit vun den éischte Satiriker, wéi den Auguste Liesch, deem mer d'Maus Ketti verdanken, an de Putty Stein.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäit nom Zweete Weltkrich bréngt eng regelrecht Explosioun an der Lëtzebuerger Literatur mat sech. Nei Leit ginn nei Weeër a maachen eis Literatur salonfäeg, sou datt se sech haut roueg mat Literature vun anere Länner moosse kann. Nëmmen e puer Nimm siefe genannt: Marcel Reuland, Tit Schroeder, Pol Greisch, Roger Manderscheid, Guy Rewenig a Jhemp Hoscheit, nieft Satiriker wéi Pir Kremer, Pol Pütz oder Jemp Schuster. Och d'Kannerliteratur entwéckelt sech op eng Manéier, vun där ee virun 20 Joer nach gedreemt hätt. De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband zielt haut ronn 80 Memberen, vun deenen der ongeféier 20 all Joer oder bal all Joer mat engem neie Buch op de Maart kommen. Et gehéiert haut net zum Thema, mä 't muss een op dëser Plaz och soen, datt mer nach ëmmer eng Partie Lëtzebuerger Schrëftsteller haten, déi op Däitsch oder Franséisch schreiwen, dacks souguer an zwou oder souguer an dräi Sproochen.

D'Sprooch an hir Orthographie an der Legislatioun[änneren | Quelltext änneren]

Mir wëssen, dat geschwatent Lëtzebuergescht ass al, dat geschriwwent jonk. D'Sprooch an all hiren Ënnermondaarte war eng Gebrauchssprooch fir den Alldag, net fir d'Literatur oder fir op offizielle Plazen ze gebrauchen. Den 9. Dezember 1896 hält de Caspar Mathias Spoo ( als zweeten, nom Charles Mathias André, 1848) eng Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber, wou jo nëmme franséisch geschwat gouf. Awer de Spoo hat keen Erfolleg mat deem Versuch, an 't ass nach guer net sou laang hier, datt et eng Selbstverständlechkeet ass, am Parlament Lëtzebuergesch ze schwätzen. 1912 ass d'Lëtzebuergescht an der Primärschoul agefouert ginn, haut gëtt et och eng Lëtzebuergeschstonn op Septième, mä fréier wéi haut - an ob an der Primärschoul oder am Postprimaire -, gëtt d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Lëtzebuerger Literatur op eng Manéier behandelt, déi an Europa eenzegaarteg ass. Kee Land huet sou en zerrassent Verhältnes zur eegener Mammesprooch wéi Lëtzebuerg. Dat Verhältnes ass historesch z'erklären, wat awer net heescht, datt et net ze verbessere wier.

Wéi bis ugefaange gouf, op Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze dichten, du war och de Wonsch no enger eegener Orthographie, no enger Lëtzebuerger Rechtschreiwung do, a schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, huet 1829 hannen a sengem Gedichtbändchen E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus eng Method publizéiert, wéi hie Lëtzebuergesch schreift. Dicks, Lentz a Rodange haten hir eege Schreifweisen entwéckelt, besonnesch den Dicks huet sech mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart ervirgedoen.

Et huet awer bis 1910 gedauert, ier déi éischt wierklech Orthographie vum Nikolaus Welter a vum René Engelmann entwéckelt gouf. Se ass am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolaus Welter festgehalen, an 't ass déi Orthographie, an där mer déi diakritesch Zeechen vun Dicks-Lentz-Rodange, z. B. den Hittchen op Zâng, Dûscht, oder den Apostroph bei wo'er, Le'w, erëmfannen en halleft Joerhonnert laang, also nach bis nom 2. Weltkrich, geschriwwe gouf, ouni jeemools als "offiziell" erkläert ginn ze sinn. Se gouf eréischt vun der Orthographie vum Robert Bruch, an där mir haut schreiwen, ofgeléist, an där mer awer ganz vill Elementer aus der Orthographie Welter-Engelmann erëmfannen.

OLO[änneren | Quelltext änneren]

Virum Robert Bruch senger Orthographie gouf et awer nach eng aner Schreifweis, an déi ass 1946, also direkt nom Krich duerch en Arrêté Ministériel zu der Offizieller Lëtzebuerger Schreifweis deklaréiert ginn. OLO, T ofizièl lezebuurjer ortografi ( D'Offiziell Lëtzebuerger Orthographie) gouf dat genannt, wat den Nicolas Margue an de Jean Feltes sech do ausgeduecht haten, an iwwer dat d'ganzt Land haart gelaacht huet. Firwat? Dës Schreifweis war geduecht, fir, an engem verständlechen Iwwerschwang vun de nationalistesche Gefiller, wäit vun Nazidäitschland ewechzekommen, no bei d'Amerikaner ze réckelen, den sch z. B. als sh ze schreiwen, mä déi zwéin Hären hate vergiess, datt mir germanesch Sproochwuerzelen hunn a vu Kandsbeen un un déi däitsch Rechtschreiwung gewinnt goufen. An engem Wuert, et war keng Akzeptanz do, d'Leit hunn déi OLO-Schreifweis op reng phonetescher Basis net gewollt an hunn déi al vum Nikolaus Welter einfach virugeschriwwen.

De Robert Bruch a seng Grammatik[änneren | Quelltext änneren]

De Professer a Linguist Robert Bruch huet 1955 am Institut grand-ducal ënner dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise eng lëtzebuergesch Grammatik publizéiert, där mer haut vill ze verdanken hunn. D'Rechtschreiwung aus dëser Grammatik gouf d'Basis fir d'Schreifweis vum sougenannten Lëtzebuerger Dictionnaire, deen eng Kommissioun, an där de Robert Bruch am Ufank Sekretär war, an engem Zäitraum vu méi wéi 20 Joer ausgeschafft huet. 1975 gouf dës Schreifweis – op Basis vun där däitscher, dat huet nom OLO-Experiment ageliicht - zu eiser offizieller Schreifweis deklaréiert an 1984, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch och offiziell zu eiser drëtter Nationalsprooch erhuewe gouf, am Memorial engem méi breede Publikum nobruecht.

De Robert Bruch huet och de Begrëff geschaaft vun der Koinè, e griichescht Wuert fir eis Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, nom griichesche Wuert koinos – gemeinsam/zesummen. Ech sot et schonn, am Ländche schwätze mer eng Onmass Ënnerdialekter, an de Robert Bruch huet gespiert, datt mir sou eppes wéi das Hochdeutsche, eben eng allgemeng Lëtzebuerger Sprooch a Rechtschreiwung bräichten. Seng Studien hunn hien dozou bruecht, ze soen, datt dat ganz normaalt Lëtzebuergescht (ouni awer prezis Kriteren opzestellen) fir hien am Uelzechtdall tëscht Dummeldeng a Miersch geschwat géif (also an den Dierfer wéi Walfer, Heeschdref, Luerenzweiler a Lëntgen op der rietser a Steesel, Hënsdref, Pretten a Gousseldeng op der lénkser Säit vun der Uelzecht), an hien huet déi Sprooch als Parameter fir dat offiziellt Lëtzebuergescht geholl. En Iertum wier et awer elo, ze mengen, et däerft een also nëmme méi an der Koinè schreiwen; de Contraire ass richteg, well dem Robert Bruch seng Orthographie erlaabt et, an all eisen Ënnermondaarten ze schreiwen; d'Koinè ass eenzeg an eleng do, fir Leit déi, sief et als Schrëftsteller oder och als Verfaasser vun offiziellen Texter, eng allgemeng Sprooch brauchen a fir d'Sprooch no baussen ze stabiliséieren.

Sou herrlech Ënnermondaarte wéi déi vun Iechternach, Veianen, Klierf oder Réimech opzeginn, wier eng Veraarmung vun eiser Sprooch.

D'Reform vun 1999[änneren | Quelltext änneren]

Dem Robert Bruch seng Orthographie ass also déi, déi mer haut schreiwen. Allerdéngs huet den CPLL, de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, als Nofolger vun der fréierer Dictionnaireskommissioun, den 30. Juli 1999 eng kleng Reform um Robert Bruch senger Schreifweis virgeholl[1]. Verschidde Saache si geännert, vereinfacht oder bäigefléckt ginn. De Robert Bruch hat net un alles geduecht, wat verständlech ass, well eng Sprooch sech jo och ëmmer weider entwéckelt, a mir musse wëssen, wéi ee 50 Joer méi spéit Saache schreift wéi "Rondpoints-Schëld", "Saumon-fumés-Schnittercher" oder "One-man-showen". Dës kombinatoresch Flexibilitéit um Niveau vun den zesummegesatene Wierder huet de Jérôme Lulling a sengem Mémoire de D.E.A. (1997) iwwer déi lexikalesch Kreativitéit vum Lëtzebuergesche beschriwwen, duerno nach eng Kéier méi am Detail a senger Dokterthes (2002). A sengem Artikel "Quelques réflexions sur les modifications orthographiques proposées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL) dans leur document de discussion de mars 1999" (03/1999) huet hien den CPLL op d'Resultater vu senge Recherchen opmierksam gemaach an och op d'Aarbechte vum Anja Namur an dem Alain Carion, an deene si ë. a. déi orthographesch Integratioun vu franséische Wierder am Lëtzebuergeschen analyséiert hunn.

Kuerz no der Reform gouf tëscht 2000 an 2002 en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt. Véier Joer drop, 2006, gouf e Spellchecker ënner fräier Lizenz entwéckelt, dee mat de gängegen Open-Source-Programmer funktionéiert (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt regelméisseg weiderentwéckelt.

Ausbléck a Conclusioun[änneren | Quelltext änneren]

Wéi laang schwätze mer nach eis Sprooch? Wat bleift an 20, 50 Joer nach vun hir iwwereg? Mir baséiren op enger muselfränkescher, also germanescher Sprooch mat prezisem frankophonen Aschlag. Dat Franséischt huet am Laf vun der Zäit, besonnesch bei den Intellektuellen, ëmmer méi e groussen Deel vun der Sprooch beluecht, dir braucht nëmmen d'Chamberblietchen ze liesen. Parallel sinn, besonnesch nom Zweete Weltkrich, Dausende vu Wierder aus eisem Wuertschaz verschwonnen. Frot mol e jonke Lëtzebuerger vun haut, wat e Klauschter, en Digel, e Wissbam, en Teimer oder e Fléiel ass. Awer net alles ass mam Ausstierwe vun der Agrarwirtschaft z'erklären.

Den Defizit an der Mammesprooch vun de jonke Leit, läit wuel zum Deel drun, datt d'Technik – denke mer nëmmen un d'Elektronik – eng Abberzuel vun englesche Begrëffer an d'Sprooch aschleist; datt besonnesch déi kleng a Primärschoulskanner ënner enger Dauerberiselung vun der däitscher Televisioun, vum Fernseh, stinn an datt hir beruffsaktiv Elteren, selwer e groussen Deel virun der Televisioun sëtzen a vill manner mat de Kanner schwätze wéi fréier; dovun ofgesinn, datt och scho bei den Eltere vun haut e grousse Sproochdefizit festzestellen ass. Wouhier sollen d'Kanner dann hire Wuertschaz kréien? Vun der Gaass, an der Schoul? Dat bréngt eis zur demographescher Situatioun. Nach ass d'Lëtzebuerger Sprooch keng Minoritéitesprooch, mä vergiesse mer net, datt just nach 60 % vun de Leit, déi hei wunnen, Lëtzebuergesch schwätzen. A wa mer déi Leit huelen, déi am Beruffsliewe stinn, da komme mer nach op 38 Prozent aktiv Lëtzebuerger an also 62 Prozent, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen. Donieft wësse mer, datt an den auslännesche Famillje méi Kanner gebuer ginn, wéi an de lëtzebuergeschen.

Klassesch war et bis lo, fir ze soen, de Portugisen hir Kanner léieren d'Lëtzebuergescht op der Gaass, am Schoulhaff. Dat stëmmt bis elo, wann och net iwwerall. Et gëtt Schoulhäff, do héiert ee kee Lëtzebuergescht méi, héchstens nach e schlecht Franséischt. Op där anerer Saït begéint der jonk Portugisen aus der zweeter an drëtter Generatioun, déi net nëmmen en akzentloost Lëtzebuergescht, mä souguer en authentesche Veianer oder Iechternacher Ënnerdialekt schwätzen. De Lëtzebuerger Wuertschaz awer hëlt of, dorun ass keen Zweiwel, an d'Fro, wéi laang d'Strooss oder de Schoulhaff d'Sprooch weidervermëttele kann, hänkt dovun of, wéini d'Prozenter sou kippen, datt mer als Lëtzebuerger oder Lëtzebuergesch-Sproocheger net méi zu genuch sinn, fir d'Sprooch nach weiderzedroen.

Den Integratiounsfaktor Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Wann eise Premier seet, eis Sprooch wier den Integratiounsfaktor Nummer eent fir eis auslännesch Gäscht, da kënnt dat stëmmen, seng Ausso ass vläicht visionär gewiescht: Mat den neien EU-Länner aus dem Osten ass et nämlech eriwwer mat der Passe-partouts-Sprooch "Franséisch", an och d'Englescht gëtt weder bei deenen neie Friemen, nach bei de Lëtzebuerger e gemeinsamen Nenner hier.

Dat bedéngt awer, datt dem Lëtzebuergesche méi konsequent Opmierksamkeet geschenkt gëtt, wéi nëmmen an e puer Walsloganen. Wa mer zu souvill Natiounen an dësem klenge Land d'Lëtzebuergescht als Ingetratiounsfaktor wëllen hunn, da muss seng Bedeitung am Précoce, am Préscolaire, am Primaire an am Postprimaire grëndlech iwwerduecht ginn; da brauche mer nei Strukturen an nei Qualifikatiounen an de Sproochcourse fir Erwuessener, da brauche mer sou séier wéi méiglech nei Dictionnairen, da muss déi nei Lëtzebuerger Universitéit sech bewosst ginn, datt si Proffe fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur fir de Secondaire auszebilden huet, da gehéiert och der lëtzebuergescher Literatur eng besser Plaz am Enseignement, well wat wier eng Sprooch, eng Natioun ouni hir Literatur, déi d'Sprooch festhält a s'op engem kulturellen Niveau weidervermëttelt?

Een éischte Schrack a Richtung vum Opwerte vun der Lëtzebuerger Sprooch ass vun der Lëtzebuerger Universitéit gemaach ginn, wéi si 2007 fir d'Wantersemester 2007-2008 eng Formation continue fir Lëtzebuergesch Formateuren am Beräich vun der Erwuessenebildung agefouert huet.

Lëtzebuergesch quo vadis? heescht eng rezent Publikatioun. Lëtzebuergesch, wuer gees de hin? D'Äntwert hänkt dovun of, ob mir d'Sprooch eescht huelen oder net; ob mir selwer, als Lëtzebuerger an Europa, iwwerliewe wëllen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999