Gestengs

Vu Wikipedia
Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Gestengs ass eng fest Verbindung vu Mineraler déi an der Natur virkënnt.

Sedimentgestengs[änneren | Quelltext änneren]

Ofgelagert Sedimenter gi mat der Zäit zu festem Gestengs, dëse Prozess heescht Diagenes. Et kann een ënnerscheeden tëscht

  • Haardem a waasserduerchlässegem Sedimentgestengs, z. B. Sandsteen
  • Mëllem a waasseronduerchlässegem Sedimentgestengs, z. B. Leem, Mergel

Magmatescht Gestengs[änneren | Quelltext änneren]

Magmatescht Gestengs (Magmatitten) entsteet duerch Erstarre vu Magma, jee nodeem wéi dat geschitt ënnerscheet een tëscht

  • plutoneschem Gestengs (Plutonitten): de Magma erstarrt lues (net am Waasser an net un der Loft), et entsti grouss Kristaller. Beispill: Granit.
  • a vulkaneschem Gestengs: de Magma trëtt als Lava un d'Äerduerwerfläch an erstarrt séier an der Loft oder am Waasser, sou entsti just kleng Kristaller. Beispill: Basalt.

Metamorpht Gestengs[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel Sedimenter wéi och magmatescht Gestengs kënnen duerch héijen Drock an Temperatur ëmgewandelt ginn, z. B. bei der Verschiibung vu Kontinentalplacken. Jee no Ausgangsgestengs, Drock an Temperaturkonditiounen entsti verschidden Zorte metamorpht Gestengs. Beispiller vu Metamorphosen:

Zyklus vum Gestengs

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rocks – Biller, Videoen oder Audiodateien