Gian Fadri Caderas
![]() |
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gian Fadri Caderas | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
13. Juli 1830 Modena |
Gestuerwen |
1891 Samedan |
Aktivitéit | Dichter, Editeur, Schrëftsteller |
![]() |
Den Gian Fadri Caderas, gebuer den 13. Juli 1830 zu Modena (IT), a gestuerwen de 25. November 1891 zu Samedan, war e Schwäizer Dichter an Iwwersetzer[1], deen am Engadiner Dialekt vum Rätoromanesche geschriwwen huet[2].
Den Gian Fadri Caderas war Auteur vu sentimentaler a melancholescher Prosa op Engadiner Rätoromanesch, a war vun der europäescher Romantik beaflosst[2]. Tëscht 1849 an 1857 huet de Caderas och onpublizéiert Gedichter op Italieenesch geschriwwen[1].
Hie war Redakter vun der Zäitschrëft Il Progress (1872–73) a vun der Zeitung Fögl d'Engiadina (1880–91). De Caderas huet och d'Wierker vum Friedrich Schiller, Johann Wolfgang von Goethe, Ludwig Uhland, Alfred de Musset, Henry W. Longfellow an aneren, an d'Rätoromanescht iwwersat[2].
Nieft senge literareschen Aktivitéite war den Gian Fadri Caderas Banquier a Versécherungsagent[2].
Gedichtzyklen
[änneren | Quelltext änneren]- 1865: Rimas
- 1879: Nouvas Rimas
- 1883: Fluors alpinas
- 1887: Sorrirs e larmas