Ginkgo op der Eecherplaz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Ginkgo op der Eecherplaz (Februar 2008).
De Bam vun der Strooss aus gesinn (August 2008).

De Ginkgo (Ginkgo biloba) op der Eecherplaz (Place Dargent), an der Stad Lëtzebuerg, steet an engem Park deen enger Bank gehéiert.

Well dëse Ginkgo deen imposanteste vu senger Aart am Land ass, gehéiert hien zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Den Alter vum Bam ass net bekannt. 2002 gouf hie fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 goufe folgend Moosse geholl: Ëmfank vum Stamm op Broschthéicht: 3,67 m, bei enger Gréisst vu 24 m.

Geographesch Koordinaten:
49° 37’ 38.26’’ N 06° 07’ 49.10’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 202-203, Text a Foto).
  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des essences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. Ferrantia 53. Cf. S. 26..

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]