Giuseppe Arcimboldo
Ausgesinn
Giuseppe Arcimboldo | |
---|---|
Gebuer |
1527 jul. Mailand |
Gestuerwen |
11. Juli 1593 Mailand |
Aktivitéit | Moler, Bauzeechner, Designer |
Den Giuseppe Arcimboldo gebuer ëm 1526 zu Mailand an och do den 11. Juli 1593 gestuerwen, war e Moler vun der Spéitrenaissance, speziell vum Manierismus. Hien ass berüümt fir seng Portraiten, déi aus Uebst, Geméis, Fësch oder soss Objeten zesummegesat sinn.
Hie war Ufanks Moler um Wiener Haff, ënner de Keesere Ferdinand I., Maximilian II. a Rudolf II.. 1570 goung en op Prag op den Haff, wou en nieft der Molerei och als Ingenieur, Kostümzeechner a Museker aktiv war, zoustänneg fir Fester z'organiséieren. Nëmmen en Deel vu senge Wierker si bis haut erhale bliwwen.
Am 20. Joerhonnert gouf seng Konscht vun de Surrealisten, absënns dem Salvador Dalí, erëmentdeckt.
Den Asteroid (6556) Arcimboldo gouf no him genannt.
Auswiel vu Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- De Geméisegäertner oder eng Spiicht mat Geméis (Op-der-Kopp-Bild), Museo ala Ponzone Cremona
- De Kinnek Herodes, Portrait aus Kannerläichen, Venedeg
- Rudolph II. als Vertumnus, Portrait aus Geméis, Friichten a Blummen; Schlass Skokloster
- Déi Véier Joreszäiten, 1563
- Déi Véier Elementer, 1566
- De Bibliothecaire, Porträt aus Bicher
- De Jurist, 1566
-
D'Fréijoer
-
De Summer
-
Den Hierscht
-
De Wanter
-
D'Loft (Kopie)
-
D'Waasser
-
D'Feier
-
D'Äerd
-
De Geméisegäertner
-
De Geméisgäertner (Op der Kopp)
-
De Bibliothecaire
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kindlers Malerei Lexikon im dtv, Band 1, DTV Verlag München 1976, ISBN 3-423-05956-7
- Sylvia Ferino-Pagden (Hg.): Arcimboldo (1526–1593). Ausstellungskatalog des Kunsthistorischen Museums. Wien, 2008. ISBN 978-3-85497-118-4
- Benno Geiger: Die skurrilen Gemälde des Giuseppe Arcimboldi. Wiesbaden. Limes 1960.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Giuseppe Arcimboldo – Biller, Videoen oder Audiodateien |