Gläichgewiichtstemperatur

Vu Wikipedia

D'Gläichgewiichtstemperatur ass déi Temperatur, déi sech no entspriechend laanger Zäit an engem System vum selwen astellt. An der Astronomie sinn d'Gläichgewiichtstemperature vu Gaswolleken a Planéitenuewerfläche wichteg.

Gläichgewiichtstemperatur vun enger Planéitenuewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Ënner den Hypotheesen, datt

  1. de Planéit keng eegen Energiequell huet,
  2. déi agestraalt Energie nees komplett ofgestraalt gëtt,
  3. d'Atmosphär wéi e schwaarze Kierper straalt an
  4. den Deel vun der Energie als visuellt Liicht reflektéiert gëtt an net zu enger Erwiermung vun der Planéitenuewerfläch beidroe kann,

da gëllt mat de Bezeechnungen

  1. fir de Planéiteradius,
  2. fir d'Distanz vun der Sonn,
  3. fir d'Temperatur,
  4. fir d'Konstant vum Stefan Boltzmann an
  5. d'Liichtkraaft vun der Sonn.

fir déi pro Sekonn absorbéiert Sonnenenergie den Ausdrock

Dobäi ass d'Liichtkraaft vun der Sonn op déi ganz Kugel mat engem Radius verdeelt. Mat där Dicht hëlt awer déi ganz Planéitenuewerfläch Energie op. Vun der theoreetesch méiglecher Energie ginn duerch Reflexioun verluer.

Déi ofgestraalt Energie pro Sekonn ass:

D'Equatioun fir déi ofgestraalt Leeschtung erfollegt aus dem Produkt vun der Uewerfläch an der Temperatur a véierter Potenz mat der Proportionalitéitskonstant .

D'Gläichgewiichtsbedéngung gëtt:

Fir d'Äerd resultéiert dat mat am Wäert , mat an , observéiert gëtt awer . Déi méi héich Temperatur ass op den Zäreneffekt zeréckzeféieren. Deen ass besonnesch staark op der Venus, wou déi berechent Temperatur bei , déi vum gemoossene Wäert awer bei läit. En ëmgekéierten Effet ass beim Mars ze fannen, deen eng däitlech méi dënn Atmosphär wéi d'Venus an d'Äerd huet. Do läit déi berechent Temperatur vun e bëssi méi héich wéi déi real observéiert Temperatur .

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie