Glenelg (Mars)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Buedemformatioun um Planéit Mars. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Glenelg.

De Glenelg ass eng Buedemformatioun um Planéit Mars. Si ass am Marskrater Gale ongeféier 400 m südëstlech vun der Landeplaz vun der Raumsond Curiosity. Bei der Buedemformatioun handelt et sech ëm eng Plaz, op där dräi verschidde geologesch Formatiounen zesummestoussen. Verschidde Fielsdeeler leien do iwwereneen. Glenelg gehéiert zu den éischten Ziler, déi de Marsroboter ënnersiche soll.

Am Glenelg koum fir déi éischt Kéier de Buerer vum Rover an den Asaz. Um Wee dohin, goufe Buedem- a Gestengsprouwe gesammelt. Duerno goung de Wee no engem Mount op e 5 km héije Bierg weider.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Siicht vum Curiosity op d'Areal vum Glenelg - 19. September 2012).
Eng Foto um Wee bei de Glenelg. Dësen 360-Grad-Panorama vum NASA Mars-Rover Curiosity weist e fielsegen Terrain. D'Basis vum Mount Sharp gesäit een um ieweschte lénkse Rand. Déi sandeg Géigend op der rietser Säit ass eng Regioun mam Numm Rocknest.
Bléck vum Rocknest a Richtung "Point Lake" um Wee fir an de Glenelg-Beräich (26. November 2012).
Bléck op d'"Shaler" Fielsnues (vir) an der Géigend vum Glenelg-Beräich (7. Dezember 2012) (3-D).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de) Marsrover „Curiosity“ – Glenelg op focus.de, ofgeruff 20. August 2012.