Glossaire vun der Franséischer Revolutioun
Dëse Glossaire vun der Franséischer Revolutioun versicht, de gängege Vokabulär zu dëser Period an der Geschicht vu Frankräich kuerz z'erklären. Dës Terminologie ass awer variabel, sou kann zum Beispill déi selwecht politesch Fraktioun vu verschidden Historiker anescht genannt ginn, oder huet sech och selwer am Laf vun der Geschicht ëmbenannt.
Déi dräi Stänn
[änneren | Quelltext änneren]Déi dräi Stänn (fr: trois états, trois ordres) bilden zesummen d'Gesellschaft vu Frankräich am Ancien Régime. Nëmmen déi zwee éischt Stänn hate speziell Privileegien.
- de Klerus, éischte Stand, mam Héije Klerus (Bescheef an Äpt) an Niddrege Klerus (Paschtéier a Mënchen). Si sinn déi, déi bieden.
- den Adel, zweete Stand. Zum Adel zielt och d'kinneklech Famill. Graff gekuckt gëtt et zwou Forme vun Adel, de Schwertadel, deem seng Originne bis an d'Mëttelalter zeréckginn, an d'sougenannten Noblesse de Robe, wat déi Leit sinn, déi duerch eng bestëmmte Charge (zum Beispill Magistrat oder Kinneklechen Offizéier) zu engem Adelstitel komm sinn.
- den Drëtte Stand (Tiers état) ass de ganze Recht vun der Bevëlkerung, déi, déi schaffen. Zum Drëtte Stand zielt och d'Biergertum an déi ganz Landbevëlkerung. Zueleméisseg ass den Drëtte Stand am meeschte vertrueden.
Sozial Gruppen
[änneren | Quelltext änneren]- Ci-devant: fréier Adleger no der Ofschafung vun de Privileegien.
- d'Sans-culottes sinn eng radikal revolutionnär Grupp, si komme gréisstendeels aus dem Vollek. Hiren Numm kruten se vum Gezei, eng Box an de Faarwe Blo-Wäiss-Rout, amplaz vun der soss gewinnter Culotte.
Constitutiounen
[änneren | Quelltext änneren]- d'Constitutioun vum 3. September 1791 féiert eng parlamentaresch Monarchie an d'Assemblée législative an.
- Constitutioun vum Joer I oder vum 24. Juni 1793. Eng republikanesch Constitutioun, déi ni applizéiert gouf.
- d'Constitutioun vum Joer III oder vum 22. August 1795 féiert den Directoire an.
- d'Constitutioun vum Joer VIII oder vum 13. Dezember 1799 féiert de Consulat an.
- d'Constitutioun vum Joer X oder vum 2. August 1802 féiert de Consulat op Liewenszäit an.
- d'Constitutioun vum Joer XII oder vum 18. Mee 1804 féiert de Premier Empire an.
Strukture vum Gouvernement
[änneren | Quelltext änneren]- Mam Ancien Régime mengt een eigentlech déi ganz Period vum François I. bis zu der Revolutioun, fir d'Leit vun dëser Zäit riicht sech dëse Begrëff awer haaptsächlech géint d'absolut Monarchie vun de Bourbonen.
- d'Parlamenter - ënner dem Ancien Régime waren d'Parlamenter Geriichtshäff, déi meeschtens a leschter Instanz zesummegeruff goufen. D'Parlamenter waren och zoustänneg fir d'kinneklech Decisiounen z'enregistréieren a si haten de sougenannten Droit de remontrance, e Vetorecht géint eng kinneklech Decisioun.
- d'Generalstänn - ënner dem Ancien Régime waren d'Generalstänn eng Versammlung vun den dräi Stänn, déi vum Kinnek aberuff gouf, wann hien et fir néideg gehalen huet, zum Beispill wann et ëm eng nei Steier gaangen ass.
- d'Communes waren eng Grupp vum Drëtte Stand, déi sech den 11. Mee 1789 zesummefonnt huet. Den 12. Juni 1789 hunn d'Communes déi aner Stänn invitéiert, sech hinnen unzeschléissen, wat och verschidde Membere vum Klerus gemaach hunn.
- de 17. Juni 1789 hu sech d'Communes zu der Nationalversammlung ausgeruff déi als Assemblée nationale constituante - vum 9. Juli 1789 bis 30. September 1791 eng legislativ Roll an d'Aufgab hat, eng Constitutioun fir Frankräich opzesetzen. Si huet sech selwer opgeléist an ass dunn d'Assemblée législative ginn.
- d'Assemblée législative - vum 1. Oktober 1791 bis September 1792, war d'Assemblée législative d'Parlament vun der konstutionneller Monarchie an nom Fall vum Kinnek du vun der Republik.
- d'Commune vu Paräis - Nom Stuerz vun der Monarchie huet sech d'Paräisser Municipalitéit zu engem Géigemouvement géint dAssemblée législative zesummefonnt.
- de Comité provisoire exécutif - ënner der Leedung vum Danton, huet de Comité am August-September 1792 als Parallel-Gouvernement funktionéiert.
- d'Convention nationale, och La Convention genannt - Si huet sech fir d'éischt Kéier den 20. September 1792 zesummefonnt, an zwéin Deeg méi spéit d'Republik ausgeruff. Nom Stuerz vum Robespierre, den 9. Thermidor (27. Juli 1794), gouf si och Convention thermidorienne genannt. Dräi Comitée vun der Convention nationale hunn eng wichteg Roll gespillt:
- de Comité de salut public - wärend der Terreur war dee Comité de wierkleche Gouvernement vu Frankräich. Nom 9. Thermidor gouf hie bäibehalen, mä seng Muecht gouf reduzéiert.
- de Comité de sûreté générale - zoustänneg fir d'Krichswiesen.
- de Comité d'instruction publique.
- den Directoire - de 5. Fructidor Joer III (22. August 1795) gouf d'Convention duerch den Directoire ersat, en Zweekummersystem mat engem dominante Biergertum. Déi zwou Kummere waren:
- de Conseil des Cinq-Cents,
- de Conseil des Anciens oder Sénat.
- fënnef Directeurs, déi vum Senat aus enger Lëscht vun de Cinq-Cents ausgewielt goufen.
- de Consulat - mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire (9. November 1799), huet den Napoleon Bonaparte d'Muecht u sech gerappt, an den Directoire ass op en Enn gaangen.
Politesch Gruppen
[änneren | Quelltext änneren]Royalisten
[änneren | Quelltext änneren]- Monarchisten oder Royalisten - Unhänger vun der Monarchie vun de Bourbonen, ënner der absolutter oder konstitutioneller Form. Si hunn de Club des Monarchiens gegrënnt an un hirer Spëtzt stoung de Lally-Tollendal.
- Chouans - eng Grupp vun aktive Géige-Revolutionnären an de Regioune vum Westen an der Vendée.
- Emigranten - Membere vum Adel déi Frankräich verlooss hunn, gréisstendeels an England, fir virun der Revolutioun fortzelafen.
- Réfractairen - Geeschtlecher, déi refuséiert hunn, en Eed op d'Republik ze schwiren.
Republikaner
[änneren | Quelltext änneren]- Republikaner - Unhänger vun engem System ouni Kinnek.
- Jakobiner - am enke Sënn d'Membere vum Club des Jacobins, méi wäit gekuckt all Revolutionnär dee fir d'Zentralisatioun war.
- Cordeliers - Membere vum Club des Cordeliers deen zu Paräis am Abrëll 1790. Lénksradikaler.
- Girondins - Grupp vum zwielef republikaneschen Deputéierten.
- Montagnards - Dacks Memberen (oder Ex-Memberen) vun de Jakobiner, sinn d'Montagnards radikal Republikaner déi wärend der Terreur un der Muecht waren. Hire Modell war de Robespierre.
- Thermidoriens - méi moderéiert Republikaner, déi un d'Muecht komm sinn, nodeem de Robespierre gestierzt gi war.
Aner politesch Gruppen
[änneren | Quelltext änneren]- Société du Panthéon, och Conspiration des Égaux oder geheimen Directoire genannt - Factioun mat enger kommunistescher Tendenz ronderëm de François-Noël Babeuf, déi d'jakobinesch Iddie wärend der Convention thermidorienne verdeedegt hunn.
- Feuillants - Membere vum Club des Feuillants, déi sech vun de Jakobiner ofgespléckt hunn, an déi fir eng konstitutionell Monarchie antrieden.
- Bonapartisten - Unhänger vum Napoleon Bonaparte, virun allem déi, déi fir den Empire waren.
Steiere vum Ancien Régime
[änneren | Quelltext änneren]- Corvée: Direkt Steier an Natur. D'Corvée royale war eng Obligatioun un d'Vollek fir eng gewëssen Zuel vun Deeg um Ënnerhalt vun de Stroossen ze schaffen.
- Taille: Direkt Steier op d'Persounen an de Besëtz.
- Gabelle: Indirekt Steier op d'Salz.
- Aides: Indirekt Steieren op d'Zirkulatioun vu Saachen, déi konsuméiert ginn.
Republikanesche Kalenner
[änneren | Quelltext änneren]Am republikanesche Kalenner huet d'Joer I vun der Republik den 22. September 1792 ugefaangen. Verschidden Evenementer ginn nach haut traditionell mat hirem Datum aus dem republikanesche Kalenner genannt:
- 9. Thermidor Joer II - Stuerz vum Robespierre an de Montagnards (27. Juli 1794).
- 18. Fructidor Joer V - Coup géint d'Tentativ vun enger monarchistescher Restauratioun (4. September 1797).
- 22. Floréal Joer VI - Coup an deem 106 Deputéierte vu Lénks hire Sëtz ewechgeholl kruten (11. Mee 1798).
- 30 Prairial Joer VII - Coup dee vum Generol Joubert virbereet gouf, a wou véiert Directeur forcéiert goufen, ze demissionéieren (18. Juni 1799).
- 18. Brumaire Joer VIII - Staatsstreech deen den Napoleon Bonaparte un d'Muecht bruecht huet (9. November 1799).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Republikanesche Kalenner.
Kricher
[änneren | Quelltext änneren]- Éischt Koalitioun - géint Frankräich stelle sech vu 1793 - 1797: Éisträich, England, Preisen, Sardinien, Holland, a Spuenien.
- Zweet Koalitioun - géint Frankräich stelle sech vu 1798 - 1800: Éisträich, England, Russland, an d'Tierkei.
- Kricher vun der Vendée a Kricher vun de Chouans - Monarchistesch a kathoulesch Revolte vun der Landbevëlkerung am Weste vu Frankräich vum Joer III bis zum Joer VI (1793 - 1796).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koalitiounskricher.
Symboler
[änneren | Quelltext änneren]- Fleur de lys - Emblem vun der Monarchie.
- Marseillaise - republikanesch Hymn.
- Tricolore - Fändel vun der Republik, aus den dräi Faarwe blo, wäiss, a rout.
- Phrygesch Mutz - rout Mutz, e Symbol fir d'Sklaven, déi elo fräi waren.
Cocarden
[änneren | Quelltext änneren]- Cocarden: Rosetten oder Bännercher déi meeschtens um Hutt gedroe goufen.
- Schwaarz Cocarde - Cocarde vum Adel dee géint d'Revolutioun war.
- Gréng Cocarde - Symbol vum Ufank vun der Revolutioun, ir den Tricolore adoptéiert gouf.
- Dräifaarweg Cocarde - Symbol vun der Revolutioun (kuerz nom Stuerm op d'Bastille) a spéider vun der Éischter Republik. Um Ufank eng Combinaisoun vu blo a rout - d'Faarwe vu Paräis - an dem wäiss fir d'Monarchie.
- Wäiss Cocarde - Symbol vun de Royalisten.
Relioun
[änneren | Quelltext änneren]- Zivilverfaassung vum Klerus - 1790, de Besëtz vun der Kierch gouf confisquéiert an d'Membere vum kathoulesche Klerus goufen zu Staatsbeamten.
- Kult vun der Vernonft a vum Héije Wiesen - Offiziell Relioun um Héichpunkt vum radikale Jakobinismus an de Joren II an III (1793 - 1794).
- « Jureur », « prêtre constitutionnel » - e Member vum Klerus deen en Eed op d'Zivilverfaassung vum Klerus geschwur huet.
- « Non-jureur », « prêtre réfractaire », « insermenté » - e Member vum Klerus dee refuséiert huet, en Eed op d'Republik ze schwiren.