Gneisenau (1934)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schluechtschëff Gneisenau am Zweete Weltkrich. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gneisenau (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Gneisenau

D'Gneisenau war e Schluechtschëff vun der däitscher Krichsmarine. Den Numm hat et vum preisesche Generolfeldmarschall August Neidhardt von Gneisenau (1760–1831).

Virdru gouf et schonn an der keeserlecher Marinn e Kadetteschoulschëff SMS Gneisenau, Stapellaf 1879, an e Grousse Kräizer, de Panzerkräizer, SMS Gneisenau, Stapellaf 1906. Dat lescht stoung ënner dem Kommando vum Vizeadmirol Grof Maximilian von Spee, deen d'Ostasiegeschwader ënner sech hat. Et ass den 8. Dezember 1914 an der Schluecht bei de Falklandinsele versenkt ginn.

D'Gneisenau war am Ufank als Panzerschëff "E" mat ronn 18.000 t Verdrängung geplangt. Als Reaktioun op de Bau vun de franséische Schluechtschëffer vun der Dunkerque-Klass goufen d'Pläng geännert a säi Bau mat engem Tonnage vu 26.000 Tonnen nei ugefaangen, en Tonnage, deen allerdéngs duerno vill iwwerschratt gouf.

D'Gneisenau gouf bei ville Geleeënheeten agesat, dacks zesumme mam Schwësterschëff, der Scharnhorst.

Operatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. September 1939, sechs Deeg no dem Ausbroch vum Krich, gouf d'Gneisenau vun der Royal Air Force mat Fligeren zu Brunsbüttelkoog attackéiert, ouni awer beschiedegt ze ginn. Si war du mat dem däitsche Kräizer Köln an néng däitschen Zerstéierer ënnerwee.

Nordatlantik-Operatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am November 1939, hunn déi zwee Schwësterschëffer hir Operatiounen am Atlantik opgeholl, an do d'Handelsschëff HMS Rawalpindi, dat mat Waffen ekipéiert war, versenkt. D'Gneisenau gouf gläich drop an engem Stuerm schwéier beschiedegt.

Operatioun Weserübung[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll huet d'Gneisenau, zesumme mat der Scharnhorst, d'Invasioun vun Dänemark an Norwegen gedeckt, .

Et koum do zu engem Gefecht mat der HMS Renown ouni konkreet Resultater. D'Gneisenau gouf allerdéngs um viischten Tuerm beschiedegt, a krut duerno och nach e Schued beim Minneleeën. De Schued gouf zu Kiel reparéiert, a si war erëm den 21. Mee asazfäeg.

Wéi d'brittesch Arméi sech aus Norwegen zeréckgezunn huet, huet si, zesumme mat der Scharnhorst den ale brittesche Fligerdréier HMS Glorious a seng zwee Begleetschëffer, d'Zerstéierer HMS Acasta an Ardent versenkt.

D'Gneisenau gouf am Juni am Nord- Atlantik duerch d'HMS Clyde torpedéiert, a war gezwonge sech op Trondheim, an Norwegen zeréckzezéien, fir do reparéiert ze ginn.

Atlantik Ausbroch[änneren | Quelltext änneren]

Wéi se reparéiert war, huet se am Atlantik vu Januar bis Mäerz 1941, hir Operatioune virugefouert, zesumme mat der Scharnhorst an huet aacht, meeschtens net escortéiert Schëffer versenkt.

Zeréck aus dem Atlantik, huet d'Schëff den Hafe vu Brest (Frankräich) opgesicht, fir do iwwerholl ze ginn. D'Royal Air Force huet se do, den 9. an 10. Abrëll, attackéiert an duerch Torpedoe schwéier beschiedegt. Bis Dezember 1941 war se mat der Scharnhorst zu Brest, fir do a Stand gesat ze ginn, a fir se op nei Operatioune virzebereeden.

Operatioun Cerberus[änneren | Quelltext änneren]

Bei der riskanter Operatioun Cerberus, der Passage duerch den Äermelkanal, a Réckféierung no Däitschland vun der Gneisenau, Scharnhorst a Prinz Eugen, vum 11. bis den 13. Februar 1942, koum et zu Gefechter mat den Alliéierten an d'Gneisenau war och op Minne gelaf.

D'Enn vun der Gneisenau[änneren | Quelltext änneren]

Dat huet dozou gefouert, datt d'Schëff an engem Schwammdock zu Kiel huet misse reparéiert ginn, woubäi normalerweis d'Munitioun hätt misse vu Bord transportéiert ginn. Dorop gouf awer verzicht, well den Openthalt am Schwammdock net laang sollt daueren.  An der Nuecht vum 26. op de 27. Februar 1942 huet d'Gneisenau du bei engem Loftugrëff e katastrophale Bommentreffer matkritt. Eng Bomm huet dat iewescht Deck duerchschloen an d'Munitioun zur Explosioun bruecht. D'Schëff huet Feier gefaangen, an et gouf festgestallt, dat et net méi ze reparéiere wier.

Et war souwéisou virdru geplangt, d'Gneisenau op Gotenhafen ze schécken. Dat ass de 4. Abrëll 1942 och geschitt. Do sollt versicht ginn, se irgendwéi erëm a Stand ze setzen. Den 1. Juli 1942 koum du de Konteruerder, d'Aarbechten ofzebriechen, an d'Schëff ausser Déngscht ze stellen. De 27. Mäerz 1945 gouf se do als Blockschëff express versenkt, fir den Hafe vu Gotenhafen ze spären. D'Kanoune ware virdrun ausgebaut ginn, fir anerwäerts bei der Küsteverdeedegung gebraucht ze ginn.

Den 12. September 1951 gouf d'Wrack vun der Gneisenau vu polneschen Zaldote gehuewen a verschrott.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gneisenau – Biller, Videoen oder Audiodateien