Golf vun Aden

Vu Wikipedia
De Golf vun Aden am Arabesche Mier

De Golf vun Aden ass e Golf, deen d'Rout Mier mam Arabesche Mier verbënnt. E läit tëscht der Arabescher Hallefinsel an dem Har vun Afrika a gouf no der Stad Aden am Südjemen benannt.

Un de Golf vun Aden grenzen d'Länner Jemen, Dschibuti an den Norde vu Somalia (mat dem de facto onofhängege Somaliland an der autonomer Regioun Puntland).

De Golf bedeckt eng Fläch vu ronn 530.000 km² an ass 1480 km laang (vun Ost-Nordost bis West-Südwest) a 480 km breet (vun Nord-Nordost bis Süd-Südwest).[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopaedia Britannica: Gulf of Aden (lescht Aktualiséierung: 6. Abrëll 2014)