Golo Mann

Vu Wikipedia
Golo Mann
Gebuertsnumm Angelus Gottfried Thomas Mann
Gebuer 27. Mäerz 1909
München
Gestuerwen 7. Abrëll 1994
Leverkusen
Nationalitéit Däitschland, Schwäiz
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Schrëftsteller, Neizäithistoriker, Essayist, Universitéitsprofesser
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Papp Thomas Mann
Mamm Katia Mann
Geschwëster Michael Mann, Klaus Mann, Erika Mann, Monika Mann, Elisabeth Mann Borgese

De Golo Mann, gebuer de 27. Mäerz 1909 zu München a gestuerwen de 7. Abrëll 1994 zu Leverkusen; mam richtegen Numm: Angelus Gottfried Thomas Mann, war en däitschen Historiker, Schrëftsteller a Philosoph.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Angelus Gottfried Thomas Mann, deen als klengt Kand säi verkierzte Virnumm „Gelus“ net aussprieche konnt a sech Golo genannt huet, war dat drëtt Kand vum Schrëftsteller Thomas Mann a senger Fra Katia, gebuere Pringsheim. Den Numm Golo huet hie säi ganzt Liewe bäibehal. Hien hat zwee Geschwëster, d'Erika an de Klaus, déi méi al, an dräi Geschwëster déi méi jonk waren, d'Monika, d'Elisabeth an de Michael.

Mat sengem Papp, dem Thomas Mann, hat hien e gespaant Verhältnes.

1923 koum hien an déi elitär Internatschoul Salem um Bodensee, wou nei Horizonte fir hien opgaange sinn.

Studium a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

Nom Abitur (1927)) huet hien ouni grouss Iwwerzeegung zu München ugefaangen, Droit ze studéieren, mä huet geschwënn zu Berlin op Geschicht a Philosophie ëmgesuedelt. 1929 huet hien d'Universitéit erëm gewiesselt a koum op Heidelberg, wou hien op d'Ureegung vu sengem Professer (Karl Jaspers) parallel zur Philosophie sech an der Geschicht an am Latäin am Hibléck op eng Professur perfektionéiert huet.

Zu Hamburg a Göttingen wollt de Golo Mann sech 1930 op de Staatsexame virbereeden. D'politesch Situatioun huet sech du lues a lues wéinst der Ausbreedung vum Nationalsozialismus, géint deen hien eng staark Ofneigung hat, verschlechtert an de Golo Mann huet sech an d'Ausland ofgesat, wéi seng Eltern dat scho virdru gemaach haten. Hie koum fir d'éischt op Bandol a Frankräich, wou och seng Eltere sech kuerz opgehalen hunn.

Krichs- an Nokrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Seng literaresch Tätegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Wierker, Kontributiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1947 Friedrich von Gentz. Ullstein, Berlin 1982. ISBN 3-548-02935-3
  • 1954 Vom Geist Amerikas. Kohlhammer, Stuttgart. 2. Aufl. 1955
  • 1958 Deutsche Geschichte des 19. und 20. Jahrhunderts. Fischer, Frankfurt/Main 1992. ISBN 3-596-11330-X
  • 1964 Wilhelm II. Archiv der Weltgeschichte. Scherz-Verlag, München-Bern-Wien 1964
  • 1970 Von Weimar nach Bonn. Fünfzig Jahre deutsche Republik. Fromm Druckhaus A 1982. ISBN 3-772-95003-5
  • 1971 Wallenstein. Sein Leben erzählt von Golo Mann. Fischer, Frankfurt/Main 1997. ISBN 3-596-13654-7
  • 1986 Erinnerungen und Gedanken. Eine Jugend in Deutschland. Fischer, Frankfurt/Main 1991. ISBN 3-596-10714-8
  • 1989 Wir alle sind, was wir gelesen. Verlag der Nation. ISBN 3-373-00435-7
  • 1992 Wissen und Trauer. Historische Portraits und Skizzen. Reclam, Leipzig. Überab. Neuaufl. 1995. ISBN 3-379-01548-2
  • 1994 Vorwort zum Buch Rudolf Heß: Ich bereue nichts Hg. von Wolf Rüdiger Heß. Stocker Stocker Verlag, Graz, Stuttgart 1994. ISBN 3-702-00682-6
  • 1999 Erinnerungen und Gedanken. Lehrjahre in Frankreich, Frankfurt/Main, posthum erschienen. Als Taschenbuch 2000: ISBN 3-596-14952-5
  • Golo Mann: Briefe 1932-1992. Herausgegeben von Tilmann Lahme und Kathrin Lüssi. Wallstein Verlag, Göttingen 2006. ISBN 3-835-30003-2

De Golo Mann a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Golo Mann ass zu Lëtzebuerg keen Onbekannten. Nom Zweete Weltkrich war hien a senger Eegenschaft als amerikaneschen Norichtenoffizéier zu Lëtzebuerg an huet iwwer RTL Noriichtesendungen an däitscher Sprooch geleet. Hien ass och als Conferencier opgetratt.

Dat erkläert och d'Motivatioun vum Nationale Literaturzentrum vu Miersch, dee vum Februar bis Abrëll 2008, ënner dem Titel Geschichte und Geschichten, eng Ausstellung iwwer de Golo Mann organiséiert huet, bei där och säi Wierken zu Lëtzebuerg zur Sprooch koum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Golo Mann – Biller, Videoen oder Audiodateien