Gotthard-Basistunnel

Vu Wikipedia
Gotthard-Basistunnel
Typ Eisebunnstunnel
Technesch Donnéeën
Längt 57 104 (Ostrouer)
57 017 (Westrouer)
Déift 2 450 m
Réier 2
Bau
Bauzäit 1998 - 2016
Geographie
Land CHECHE Schwäiz
Uertschaften Erstfeld - Bodio
De Gotthard-Basistunnel

De Gotthard-Basistunnel ass e 57 km laangen Eisebunnstunnel, deen aus zwéi Réier besteet, an ënner dem St.-Gotthard-Massiv an de Schwäizer Alpen gebaut gouf. Bei sengem Bau sinn 9 Leit ëm d'Liewe komm. Et ass dee längsten Tunnel vun der Welt a verbënnt Erstfeld am Kanton Uri mat Bodio am Kanton Tessin. De 15. Oktober 2010 gouf den Duerchbroch realiséiert, den 1. Juni 2016 gouf en no 17 Joer Bauzäit ageweit.[1] Den 11. Dezember 2016 gouf en a Betrib geholl.

En ass en Deel vun der sougenannter NEAT, engem ambitiéise Projet, deen et erméigleche soll, den Transit-Camionsverkéier duerch d'Schwäizer Alpen, op d'Schinn ze verleeën. D'Zich kënne maximal bis zu 250 km/h fueren, effektiv sollen d'Persounenzich awer mat 200 km/h fueren, d'Gidderzich nëmme mat 100 km/h.

En huet ronn 12,2 Milliarde Schwäizer Frang kascht (11 Milliarden Euro zum Cours vum Juni 2016).

Bauhär ass d'Schwäizer Eisebunn, via hir Filial AlpTransit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gotthard-Basistunnel - "Jahrhundertbauwerk" ist eingeweiht op wort.lu vum 1. Juni 2016