Grégoire Schouppe

Vu Wikipedia
Grégoire Schouppe
Gebuer 1680
Kröv
Gestuerwen 19. Juli 1751
Oochen
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Grégoire Schouppe, als "Philipp Ernst Schupp"[1] ëm den 1. Mee 1680 zu Kröv gebuer[2] a gestuerwen den 19. Juli 1751 am Alter vun 71 Joer[3] zu Oochen, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an de 70. Abt vun der Iechternacher Abtei (1728-1751).

De Grégoire Schouppe, dee bis dohi Kellermeeschter (cellerarius), d. h. den Ökonom vun der Iechternacher Abtei war[4], gouf 1728 als Abt gewielt. Dat Amt huet hie bis zu sengem Doud am Joer 1751 ausgeüübt.[5]

Seng Devise war "Prudentia de coelo".

De Grégoire Schouppe ass als "Erbauerabt" an d'Geschicht agaangen. Ënner senger Leedung gouf d'Abtei fundamental ëmgebaut a barockiséiert. D'Aarbechten hate 1727 ënner sengem Virgänger, dem Abt Mathias Hartz, ugefaangen[6] an hu sech bis 1736 higezunn. De Schouppe huet donieft d'Schlass vu Bollenduerf, dat der Abtei gehéiert huet, ëmbaue gelooss (1739), d'Lëschenhaus vergréissert (1748) an e Refugium an der Festung Lëtzebuerg installéiert (1750-1751).[7]

Zu Iechternach ass eng Strooss no him genannt: rue Grégoire Schouppe.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. (70. Abt: Gregorius Schouppe, 1728–1751: S. 98-104).
  • Didier, N., 1931. Der Abteineubau zu Echternach im 18. Jahrhundert. Luxemburger Wort 1931-10-19, S. 11. PDF
  • Luxemburger Wort, 1944. Ein tatkräftiger Bauherr in Echternach. Luxemburger Wort 1944-05-30, S. 4. PDF
  • Luxemburger Wort, 1959. Histoire architecturale de l'Abbaye d'Echternach au XVIIIe siècle. Luxemburger Wort 1959-12-24, S. 6. PDF
  • Obermosel-Zeitung, 1928. Der baulustigste Abt von Echternach. Obermosel-Zeitung 1928-08-20, S. 1, 48. PDF
  • Oehms, Karl, 2010. Benediktiner der kaiserlichen Abtei Echternach in Kröv nach Angaben aus dem Familienbuch Kröv. Familienkundliche Blätter, Heft 23, Dez. 2010, S. 5-12 (Westdeutsche Gesellschaft für Familienkunde e. V., Köln, Bezirksgruppe Trier). PDF
  • Schintgen, Henri, 1921. Abbas Gregorius der Erbauer: biographische Studie über den neunundsechzigsten [sic] Abt der Abtei Echternach (1728 - 1751). Luxemburg, 23 S.
  • Schmitt, Michel, 1970. Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Luxembourg, Ministère des Arts et Sciences, 230 S. (Publications nationales du Ministère des Arts et Sciences).
  • Sprunck, Alphonse, 1950. Die Wahl des Echternacher Abtes Mathias Hartz im Jahre 1717. Die Warte 1950-05-31, Nr. 22, S. 13. PDF
  • Staud, Richard Maria & Reuter, Joseph, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, St.Paulus Druckerei, 224 S. (T'Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3). PDF.
  • Thiel, Jacques, 1951. L'Abbaye d'Echternach: ses élections abbatiales au XVIIIe siècle. T'Hémecht 1951, Heft 4, S. 27-42. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aner Variante vum Numm sinn: “Schuph" (cf. Oehms 2010, S. 11) a "Schupff" (cf. Ephemeriden des Placidus Eringer. Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Luxembourg, Archives nationales, Hrsg., S. 20.)
  2. Seng Eltere waren de Peter Schupp (c. 1632-1692), „Truchseß“, an d'Maria Jacobina Umbscheiden (c. 1632-1731) [Cf. Oehms (2010), S. 11, a Geneanet: Philipp Ernst Gregor Schupp).
  3. Den A. Sprunck (1950) schreift, de Schouppe wier am Joer 1680 (ouni weider Prezisoun) gebuer. A ville Quelle fënnt een awer, de Schouppe wier "ëm 1691" gebuer (cf. Obermosel-Zeitung 1928; Luxemburger Wort 1944, 1959).De Brimmeyer (1923, S. 104), schreift de Schouppe wier „kaum sechzig Jahre alt“ gestuerwen, well hien och vun enge falsche Gebuertsjoer ausgoung, grad wéi de Paul Spang, dee schreift, de Schouppe wier 38 Joer al gewiescht, wéi hie 1728 Abt ginn ass (Echternach, Geschichte einer Stadt. Luxemburg 1983, S. 59).
  4. An der Literatur heescht et gewéinlech, de Schouppe wier ënner dem Abt Hartz Prior gewiescht. Dat ass falsch: Deem säi Prior war zënter 1718 de Peter Binsfeld vun Niedersgegen an de Schouppe war säi Kellermeeschter (Schmitt 1970, S. 44; cf. Thiel 1951, S. 31).
  5. Den 10. Februar 1699 (Dag vun der hl. Scholastika), huet hie seng Profess an der Iechternacher Abtei gemaach (Ephemeriden des Placidus Eringer, op. cit., S. 20). — Den Oehms (2010), S. 11, schreift, de Grégoire Schouppe wier am September 1700 zum Subdiakon an am Mee 1704 zum Priister geweit ginn.
  6. Didier 1931.
  7. Staud & Reuter 1952, S. 56 f.; Schmitt 1970: S. 44 ff.
  8. Règlement de circulation de la Ville d'Echternach du 14 décembre 2020, p. 203.