Gréngewald

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Am Gréngewald, hei de Kutschewee um Territoire vun der Gemeng Steesel
En zougefruerene Weier beim Déiwendallerwee

De Gréngewald ass e Bësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg op engem Plateau deen am Schnëtt 350 Meter iwwer NN héich läit. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Laangtmuer laanscht d'Iechternacherstrooss mat 425 Meter. De Gréngewald besteet zum gréissten Deel aus Bichebësch an d'Verjéngung ass natierlech, dat heescht datt den Nowuess aus Som vun den ale Beem geschitt. Nëmmen an aussergewéinleche Fäll wéi z. B. no de Stierm Daria, Vivian a Wiebke vun uganks 1990, oder soss enger Kalamitéit gëtt geplanzt. Bei ongeféier der Hallschent vun de Beem handelt et sech ëm ganz al Beem mat engem Alter vu méi wéi 140 Joer[1].

Mat 3.734 Hektar[1] ass de Gréngewald dat gréisst Stéck Bësch zu Lëtzebuerg, dat uneneenhänkt. De Bësch läit op den Territoirë vu siwe Gemengen: Lëtzebuerg, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Jonglënster, Nidderaanwen a Sandweiler.

D'Réngelbaach an d'Schetzelbaach aus deenen d'Wäiss Iernz entsteet, an d'Kriibsebaach an d'Iernsterbaach aus deenen d'Schwaarz Iernz entsteet, hunn do hir Quellen. Och Drénkwaasser gëtt do ofgezaapt, well de Buedem aus Sandsteen en natierleche Filter ass. Déi 20 gefaasste Quellen am Gréngewald liwwere ronn 15% vum ganzen nationalen Drénkwaasser[1].

Um westleche Bord vum Gréngewald, no bei Walfer, leien d'Raschpëtzer, en ënnerierdeschen Aqueduc-System aus der Réimerzäit.

Den 28. September 2018 huet de Ministerrot decidéiert dat zéng mol aacht Kilometer grousst Gebitt als nationaalt Naturschutzgebitt ze deklaréieren[2].

Als Staatsbësch ass de Gréngewald d'Géigestéck zum Bambësch, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

Transaktiounen[3][änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert war de Gréngewald 2.623 ha grouss, haut nach 2.500 ha[Source?]. Den hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. hat am Joer 1845 dem Staat 669 ha Bësch ofkaaft. Déi Vente, déi vun der Chamber decidéiert gi war, hat dem Staat ronn 530.000 Gulden abruecht, déi et erméiglecht hunn, iwwer véier bis fënnef Joer, d'Stroossennetz am Land ze verbesseren, a gläichzäiteg d'Aarbechtslosegkeet, déi déi Zäit grouss war, ze bekämpfen.

Nodeem den Haff no an no Stécker vum Gréngewald dobäi kaaft hat, ënner anerem 1891, huet de Staat am Mäerz 1934, no engem Vott vun der Chamber 776,12 ha Bësch a Gebaier zréckkaaft, fir de Präis vun enger 20 Millioune Frang[4]. Dem Haff hunn no dëser Transaktioun nach ronn 1.000 ha vum Gréngewald gehéiert. D'Suen déi sou erakoumen, hunn dozou gedéngt, den Ënnerhalt vum Haff ze bezuelen.

Den Haff huet 2003 nach emol knapps 176 ha vum Gréngewald un de Staat verkaaft, absënns fir de Bau vun der Nordstrooss z'erméiglechen. Duerno war den Haff nach Proprietär vun 850 ha am Gréngewald.

Am Juli 2006 gouf bekannt, datt de Grand-Duc iwwerleeë géif, deen Deel vum Gréngewald, deen a sengem Besëtz war, ze verkafen. Dëse Projet gouf am September vum selwechte Joer fale gelooss, ë. a., well de Staat net genuch Budgetsmëttelen hat, fir en opzekafen. Dofir gouf sech awer gëeenegt, datt de Staat en Deel vun de Käschte vum Entretien vum Grand-Duc sengem Terrain iwwerhuele sollt. Am Géigenzuch wier dësen zu bestëmmte Joreszäiten der Allgemengheet zougänglech.

Bei Geleeënheet vun enger parlamentarescher Ufro vun den ADR-Deputéiert Gaston Gibéryen a Robert Mehlen huet de Premierminister Jean-Claude Juncker uganks Februar 2007 detailléiert Renseignementer ginn iwwer d'Tauschoperatiounen tëscht dem Haff an dem Staat, déi an der Vergaangenheet munch Rumeure mat sech bruecht haten.

D'groussherzoglecht Gatter[änneren | Quelltext änneren]

D'Fudderplaz Déiwendallerwee
D'Fierschterhaus Déiwendallerwee

Den 9. Abrëll 2009 - no bal 90 Joer - gouf de Privatbësch vun der groussherzoglecher Famill fir de Public op gemaach.[5] Bis dohi war ronderëm de groussherzogleche Bësch tëscht der Iechternacher- an der Eeseburerstrooss en Zonk. De Grond firwat de Zonk ëm 1920 opgeriicht gouf war, wéi schéngt, en Trapp Muffelen, deen der deemoleger groussherzoglecher Koppel, der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Félix vun engem italienesche Grof geschenkt gi war. Mam Gatter gouf engersäits eng onkontrolléiert Ausbreedung vun den net heemesche Muffelen erreecht an anersäits konnt eng permanente Heeg assuréiert ginn.

An de Joren 1956 bis 1958 gouf d'Gatter vun 350 ha op 500 ha vergréissert, andeems d'Flouere Sandkaul, Kazebaach, Kriibseweier an Ditgesbaach mat abezu goufen. Den Zonk hat dunn eng Längt vun 11 km mat 3.100 Pottoen a 77 km pickegen Drot. Fir an d'Gatter era goufen et 36 Paarten, vun deenen der 9 op engem Wee louchen, wou ee mam Camion erafuere konnt.

Duerch Schwaachstellen a Lächer am Zonk koum no an no Routwëld an duerno och Schwaarzwëld an d'Gatter eran. Déi staark Reproduktioun vum Rout- mam Muffelwëld huet mat sech bruecht, datt dës Wëldaarten tëscht 1950 an 1980 intensiv gejot goufen. Vun 1998 gouf et du keng Muffele méi am Gatter. Anescht war et awer mam Schwaarzwëld, dat wéinst der staarker Reproduktioun zur Haaptwëldaart am Gatter gi war, dat esou de Charakter vun engem “Saupark” krut.

Well ugeholl gouf, datt d'Wëllschwäin net genuch natierlecht Fudder fanne géifen, gouf zousätzlech Geescht a Mais bäigefiddert. Zu dësem Zweck gouf 1963 fir déi dagdeeglech Fidderung eng Fudderplaz mat Krëppen an engem Fudderschapp opgeriicht. Aus hygienesche Grënn gouf d'Fudderplaz mat Paweesteng ausgeluecht, fir datt e méi einfach war se ze botzen an esou d'Ausbreedung vu Wëldkrankheeten ze verhënneren.

Am Joer 1994 gouf beim Déiwendallerwee, net wäit vun der Fudderplaz ewech, e Fierschterhaus opgeriicht, wou d'Bëschaarbechter hiert Material stockéiere konnten a wou se - och bei schlechtem Wieder - schaffe konnten.

De Gréngewald an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gréngewald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Jacques Ganser, Schutz für den Gréngewald op wort.lu den 9. Dezember 2018 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort de 7. Dezember 2018 ënnert dem Titel „Luxemburgs grüne Lunge“
  2. Conseil de gouvernement - Résumé des travaux du 28 septembre 2018 op gouvernement.lu den 28. September 2018, fir d'lescht gekuckt den 9. Dezember 218
  3. Quell vum Abschnitt, wou net anescht uginn: Äntwert vum Premier- a Staatsminister Jean-Claude Juncker op d'parlamentaresche Fro 1220 vum Gast Gibéryen a Robert Mehlen (kuckt Um Spaweck)
  4. Loi du 14 avril 1934 concernant l'acquisition par l'Etat du bois Grünewald et du Château de Berg op leguilux.lu, fir d'lescht gekuckt de 27. Dezember 2018
  5. Quell vum Abschnitt, wou net anescht uginn: Informatiounspanneauen am fréiere groussherzogleche Gatter am Gréngewald