Grace Kelly

Vu Wikipedia
Grace Kelly
am Joer 1956
Gebuertsnumm Grace Patricia Kelly
Gebuer 12. November 1929
Philadelphia
Gestuerwen 14. September 1982
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit USA, Monaco
Educatioun American Academy of Dramatic Arts,
Neighborhood Playhouse
Aktivitéit Filmschauspiller, Mannequin, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Aristokrat
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Rainier III. vu Monaco
Papp John Kelly
Mamm Margaret Katherine Majer
Geschwëster John B. Kelly, Jr.
Kanner Caroline vun Hannover, Albert II. vu Monaco, Stéphanie vu Monaco
1961 mam Prënz Rainier vu Monaco

D'Grace Patricia Kelly, gebuer den 12. November 1929 zu Philadelphia an den USA, a gestuerwen de 14. September 1982, méi spéit Prinzessin Gracia Patricia vu Monaco, war eng US-amerikanesch a monegassesch Schauspillerin mat irischen Originnen a koum duerch hir Hochzäit mam Prënz Rainier III. vu Monaco op de monegassechen Troun.

Hir Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Grace Kelly war eng Nokomme vu kathouleschen irischen Emigranten. Hire Grousspapp konnt säin „amerikaneschen Dram“ realiséieren an als Auswanderer d'Familljeverméigen opbauen. Hire Papp, den John B. Kelly Sr., krut 1920 eng olympesch Goldmedail. Hir Mamm huet aus Preisen gestaamt.

Hire Brudder, John jr, gouf Buergermeeschter vu Philadelphia.

Hir Schoulen huet si an der Ravenhill Academy of the Assumption zu Philadelphia an an der Stevens School zu Chesnut Hills absolvéiert. Scho mat 12 Joer krut si bei den Old Academy Players of East Falls, Schauspillunterricht. Vun 1947 bis 1949 huet si op der American Academy of Dramatic zu New York studéiert.

D'Schauspillerin[änneren | Quelltext änneren]

Mat 17 Joer wollt si Schauspillerin ginn. Obschonn hir Elteren dogéint waren huet si Modell fir Coca-Cola a Colgate gestane fir kënnen hir Schauspillcoursen zu New York ze finanzéieren. Den éischte Film an deem si mat 22 Joer matgespillt huet war Fourteen Hours (1951). E Joer méi spéit krut si d'Haaptroll am High Noon, e Western mam Gary Cooper.

1953 huet si mam Clark Gable an Ava Gardner den dramatesche Libesfilm Mogambo gedréint, wou si fir den Oscar vun der beschter weiblecher Nieweroll nominéiert gouf. Duerno huet si an dräi Filmer vum Alfred Hitchcock matgespillt: Dial M for Murder, Rear Window an To Catch a Thief.

1955 krut si den Oscar als bescht Actrice am Film The Country Girl.

Prinzessin vu Monaco[änneren | Quelltext änneren]

De Prënz Rainier III. vu Monaco huet d'Grace Kelly fir d'éischt begéint wéi hien zu Cannes d'Dréiaarbechte vum Film To Catch a Thief vum Hitchcock besicht huet. Si hu sech erëmgesi wéi de Paris Match duerno e Fotos-Termin am fürstleche Palais organiséiert hat. Duerch d'Vermëttlung vum Pater Tucker, en irische Geeschtleche vu Philadelphia a Beichtvater vum Prënz, gouf de Rainier fir d'Chrëschtfeierdeeg bei d'Famill Kelly invitéiert. Wärend dësem Séjour hu si sech besser kenne geléiert an hir Verlobung bekannt ginn. D'Grace dréint nach hire leschte Film High Society (1956), eng Comédie musicale mam Bing Crosby a Frank Sinatra, deen e Frënd vun der Famill Grimaldi gouf a méi spéit Dafpätter vun der Stéphanie vu Monaco.

Nom ziville Mariage deen Dag virdru goufe si den 19. Abrëll 1956 an der Kathedral Saint-Nicolas vu Monaco vum Äerzbëschof Gilles Barthe bestuet an aus dem amerikanesche Filmstar gouf d'Fürstin Gracia Patricia vu Monaco. Vun deem Moment un huet si all Offerte vun der Filmbranche refuséiert, karitativ Aufgaben iwwerholl a sech als Kënschtlerin betätegt.

D'Grace Kelly an de Prënz Rainier III. kruten 3 Kanner:

  1. Caroline Louise Marguerite, * 23. Januar 1957.
  2. Albert Alexandre Louis Pierre, Ierfprënz a „Marquis des Baux“, * 14. Mäerz 1958, Prënz vu Monaco zanter dem 6. Abrëll 2005.
  3. Stéphanie Marie Élisabeth, * 01. Februar 1965.

Hiren Doud[änneren | Quelltext änneren]

D'Graf vun der Grace Kelly zu Monaco

Vläicht war et duerch en Hiereschlag, datt si d'Kontroll iwwer hire Rover P6 verluer huet, wéi si vun der Residenz "Rocagel", déi op den Héichte vu Monaco läit, wollt heemfueren. Hiren Auto koum an enger schaarfer Kéier um Cap d'Ail vun der Strooss (CD 37) of an ass 50 Meter déif erofgefall fir um Parking vun enger Villa leien ze bleiwen. De 14. September 1982 ass si un de Follege vun hire Blesse gestuerwen. D'Prinzessin Stéphanie, déi bei hir am Auto war, gouf schwéier blesséiert.

Den 18. September gouf d'Gracia Patricia an der Absis vun der Kathedral vu Monaco begruewen. Ronn 800 invitéiert Trauergäscht, dorënner hir Gesëschter, vill fréier Filmkolleegen a Membere vun den Herrscherhaiser, hu si op hirem leschte Gank begleet.

Zur Erënnerung un de 25. Anniversaire vum trageschen Doud vun der Prinzessin Gracia vu Monaco huet de Fürstentum eng 2€ Gedenkmënz erausginn. Déi Mënz koum den 12. Juli 2007 an enger Oplo vun 20.000 Exemplairen eraus, wouvun der nëmme 16.000 an den Ëmlaf koumen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grace Kelly – Biller, Videoen oder Audiodateien