Grad Fahrenheit

Vu Wikipedia

Grad Fahrenheit (Symbol: °F) ass eng Moosseenheet fir d'Temperatur, déi vum däitsche Physiker Gabriel Fahrenheit 1724 proposéiert gouf. Op senger Skala louch de Gefréierpunkt vum Waasser bei 32 °F an de Punkt, wou et kacht, bei 212 °F. Haut gëtt d'Fahrenheit-Skala vun der Celsius-Skala ofgeleet, an zwar: .

De Fahrenheit hat ursprénglech 0 °F als déi keelst Temperatur, déi bis dohi gemooss gouf, festgeluecht, a 96 °F als déi vum Blutt vun engem Päerd (96 an net 100, well en d'Skala an 12 gedeelt huet, an déi dann nach eng Kéier an Aachtel dovun).

Länner, an deenen d'Fahrenheit-Skala gebräichlech ass: ██ Länner déi d'Fahrenheit-Skala benotzen. ██ Länner déi d'Fahrenheit- an d'Celsius-Skala benotzen. ██ Länner déi d'Celsius-Skala benotzen.

D'Skala a Grad Fahrenheit gëtt haut just nach an de Vereenegte Staaten, am Belize an op de Kaimaninsele benotzt.

Ëmrechnen a Grad Celsius[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Temperatur vu Grad Fahrenheit a Grad Celsius ëmzerechnen, muss een 32 ofzéien an d'Resultat duerch 1,8 dividéieren:

.

Ee Rechebeispill: Fir 50 °F rechent ee fir d'éischt an dann . Deemno kritt een als Resultat 10 °C.