Granit-Stäiler op der Wallisplaz

Vu Wikipedia
Granit-Stäiler op der Wallisplaz
Typ Skulptur,
ëffentleche Raum
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Rue du Fort-Wallis
Koordinaten 49°36'11,077"N, 6°8'3,340"O
Material Granit
Kënschtler Bertrand Ney
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Architekt Bohdan Paczowski, Paul Fritsch

D'Granit-Stäiler op der Wallisplaz sinn eng monumental Granit-Skulptur vum Bertrand Ney aus dem Joer 2003. Se sinn en Deel vum Mobilier op der Wallisplaz am Garer Quartier vun der Stad.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Skulptur gouf nom Reamenagement vun der Wallisplaz am Joer 2003 opgeriicht. D'Wallisplaz - op der Kräizung vun der Bender-, der Wallis- an der Bouneweger Strooss - huet éischter d'Form vun engem Triichter wéi datt et sech ëm eng richteg Plaz handelt. Zousätzlech gëtt se duerch d'Stroossen déi ronderëm lafen, an e puer Deeler geschnidden. D'Architekte wollten dës Deeler materiell a visuell zesummeféieren, fir datt de Raum als eng Eenheet ugesi gëtt.

Den Ausgangspunkt vun der Skulptur ass e vertikale Block aus roudem Granit, deen a véier Deeler zerluecht gouf an op dräi verschiddene Plazen installéiert gouf. Den éischten Deel steet vertikal op der Plaz an ass och vun er Aler Avenue aus ze gesinn. Do dernieft läit den zweete Deel horizontal um Buedem an iwwerhëlt d'Funktioun vun enger Sëtzbänk.

Den drëtte Stäil steet op der Spëtzt vun der Bender- an der Fort-Wallis-Strooss. Tëscht dëse béide vertikalen Elementer leeft eng visuell Linn iwwer de Buedem fir datt een den Zesummenhang erkennt. De véierten Deel steet och als vertikaalt Element um Trëttoir, vis-à-vis vum drëtte Stäil. Vun den dräi vertikalen Elementer drëpst Waasser erof.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Place Wallis, 2003, Ville de Luxembourg, Editeur Ville de Luxembourg, ISBN 2-919902-14-8 (fr)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]